Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 18. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.
Nom rezenten Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg an der Saach Fiat, kommen och aner grouss Entreprisen ënner Beschoss wéinst Steieraccorden.
D’Kommissärin fir Konkurrenz Margrethe Vestager mengt, dass de Grand-Duché illegal verschiddenen Acteuren hëlleft. Déi Lëtzebuerger Regierung hält dogéint.
Déi Dänesch Kommissärin ass der Meenung, dass vill “tax ruling’en” contraire zu den EU-Traitéë sinn, an deene festgehalen ass, dass Memberstaaten Entreprisen net dierfe bevirdeelegen. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens mengt, dass dës Rulingen awer kee Subside wieren. Tax rulings géinge Previsibilitéit schafe fir Entreprisen.
Den DP-Politiker seet, dass déi Lëtzebuerger Regierung sech kloer un déi Geriichtsuerteeler géing halen, déi opkomme wäerten. Vill hätt changéiert zënter 2008, a Lëtzebuerg misst sech upassen. Ënnert all de bestoende Regierungen zu Lëtzebuerg wier een ëmmer immens transparent gewiescht mat der OECD.
Lëtzebuerg géing allerdéngs ze dacks um Pranger stoen. Et misst ee verstoen, dass et net automatesch esou, dass dat wat gutt ass fir Lëtzebuerg, schlecht wier fir d’Europäesch Unioun, sou de Charles Goerens.
Obwuel d’Margrethe Vestager eng Parteikollegin an der Europäescher Unioun wier, géif hien allerdéngs den “Lëtzebuerger Standpunkt” weider zu Bréissel vertrieden.