[Reportage] Lëtzebuerger Regierung wëll Mercosur-Accord op Äis leeën

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 25. September iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

Zënter de Bränn am Amazonas weist sech d’Europäesch Unioun méi retizent fir de Fräihandelsaccord mam Mercosur, also Länner aus Südamerika, ofzeschléissen.

Am Joer 2018 louchen d’Exportatioune vun der EU an d’Mercosur-Länner bei 45 Milliarden Euro, iwwerdeems d’Importer aus deene Länner bei 42,5 Milliarden Euro waren, also een zimlech ausgeglachenen Echange. De Fräihandelsaccord sollt dee Flux vereinfachen. De Lëtzebuerger Europadeputéierte Christophe Hansen, Member vun der Kommissioun fir internationalen Handel, seet, dass déi momentan Skepsis mat der Konkurrenz ze dinn hätt, zum Beispill beim Fleesch. Un de Bränn am Amazonas wier net de Fräihandel schold, well den Accord nach iwwerhaapt net a Kraaft ass. Et misst een awer och soen, dass et esou Bränn all Joer géing ginn an dofir misst d’Europaparlament an enger “fact-finding mission” genee kucken, wat a Brasilien grad geschitt. Den CSV-Politiker mengt, dass och déi Länner, déi momentan skeptesch sinn, dorënner Irland a Frankräich, awer och vill ze gewannen hätten un engem Accord.

Et wier wichteg, dass den “développement durable” an esou Accorden eng Roll spillt. Dat wier mam Accord mat Japan och schonn de Fall. De Christophe Hansen seet awer och, dass d’Kritik vun alle Säiten ongewéinlech séier komm wier. Deen immens laangen Accord wier schonn den Dag no der Publikatioun ënner Beschoss geroden.

Fir hie wier d’Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung, fir den Accord “op Äis” ze leeën, op Drock vun der Ëffentlechkeet komm. D’Regierung huet allerdéngs schonn hiert Mandat gi fir de Mercosur-Accord. Dee kann eréischt vun de jeeweilege Parlamenter acceptéiert oder verworf ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s