Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 23. Abrëll iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
Am Europaparlament sëtzen iwwer 700 Europadeputéierten. D’Decisioun wéi vill Deputéierten all Land schéckt ass ofhängeg vun der Bevëlkerung. Däitschland, mat 82,8 Milliounen Awunner, schéckt der 96, wat heescht dass all Deputéierten iwwer 850.000 Däitsch Awunner representéiert. Lëtzebuerg huet 6 Europadeputéierten, wat eng Ratio vun 100.000 Awunner op een Deputéierten ass. Wann et purement proportionell wier, dann hätt de Grand Duché net emol een Vertrieder, wisou d’Unzuel op ee Minimum vu 6 gesat gouf. Malta an Zypern sinn och an där Situatioun.
D’Unzuel u Sëtz gëtt reegelméisseg ugepasst, gréisstendeels duerch Changementer an der Populatioun, oder zum Beispill an engem Fall wéi zum Beispill de Brexit, duerch dee 76 britesch Europadeputéierten ewech falen. Fir ee Sëtz weider ze kréien misst de Grand-Duché op eng Awunnerzuel vun iwwer enger Millioun klammen.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!