[Feature] EU-Serie: Wéi komme Gesetzer an der EU zustanen? Wie schreift se?

Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 20. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.

D’Europäesch Unioun huet verschidden Zorte vu legislative Decisiounen. Direktiven si Gesetzprojet’en innerhalb vun der Europäescher Unioun, déi vun all den EU-Memberstaate mussen agehale ginn, mee bei deenen d’Staate selwer decidéieren wéi se zum Zil kommen. Dat heescht dass all Land seng eege Gesetzgebung muss kreéieren. Regulatiounen sinn EU-Decisiounen déi musse vu all Land agehale ginn. Decisiounen riichte sech just u spezifesch Staaten oder Organisatiounen, wéi zum Beispill Entreprisen, a mussen och direkt agehale ginn.

Gesetzesproposen gi just vun der Europäescher Kommissioun ausgeschafft. D’Europäescht Parlament huet keen Initiativrecht. Déi zoustänneg Departementer maachen Analysen a Consultatiounen, an den zoustännege Kommissär proposéiert een Dossier, op deem sech déi ganz Kommissioun da muss eens sinn, ier se dem Europäesche Conseil an dem Europaparlament virgeluecht gëtt. Réischt wann déi zwou Institutiounen een Accord fonnt hunn, gëtt den Text bindend.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s