Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass de 15. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
De President vum Europäesche Parlament gëtt vun den Europadeputéierten gewielt an huet ee Mandat vun 2,5 Joer, wat heescht dass wärend der 5-jähreger Legislaturperiod vum Parlament, zwee verschidde Presidenten kënne responsabel sinn. De momentane President ass den Italiener Antonio Tajani. Hie war Kommissär fir Industrie an Entrepreneuriat an der Kommissioun Barroso II, a Kommissär fir Transport ënnert Barroso I.
Als President vum Parlament leet hien d’Sessiounen vum Parlament a kuckt dass d’Reegelen agehale ginn. Am Verglach zu der Lëtzebuerger Chamber ass dat een aktiven Job, well et bei den iwwer 700 Europadeputéierten oft héich hiergeet. Donieft ass de President och den Representant vum Europaparlament a juristeschen Affären, am Europäesche Conseil an op internationale Veranstaltungen. Hie gëtt a senger Aarbecht vu 14 Vize-Presidenten ënnerstëtzt.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!