Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 25. Abrëll iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
Den Europäesche Wirtschaftsraum (EWR), op Englesch als European Economic Area (EEA) bekannt, ass een Accord deen obligatoresch ass fir EU Memberen, an deen d’EU un d’Länner déi den Handelsaccord EFTA ënnerschriwwen hunn, dorënner Island, Norwegen, Liechtenstein an d’Schwäiz, bënnt. D’Schwäiz ass een Ausnahmefall, well obwuel d’Regierung dem EWR bäitriede wollt, d’Wieler an engem Referendum 1992 Nee gesot hunn wouduern Bern elo reegelméisseg bilateral Accord’en mat Bréissel aushandele muss.
Fir Liechtenstein an déi zwee nordesch Länner heescht dat an der Praxis dass se Memberschaft bezuelen a sech un all Reegelen hale mussen déi de marché intérieur betreffen, dorënner och dass Kapital a Mënschen sech dierfe fräi beweegen, ouni dass déi Länner dierfen bei der Gesetzgebung matzeschwätzen. Par contre sinn déi Länner net un d’Agrarpolitik, oder d’Fëschereipolitik vun der Europäescher Unioun gebonnen.