[REPORTAGE] Keng Eestëmmegkeet méi? Goerens virsiichteg, Bach dofir

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 25. Januar ausgestraalt ginn.

D’Europäesch Kommissioun wëll dass bei Steierfroen an d’Zukunft d’eestëmmegt Averständnis am Europäesche Conseil net méi gebraucht gëtt. Lëtzebuerg géif esou säi Vetorecht zu Bréissel verléieren. De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech dogéint ausgeschwat.

An all de Lëtzebuerger Parteien ginn et Ënnerscheeder um Dossier vun der Eestëmmegkeet. Fir den Europadeputéierten Charles Goerens misst d’Diskussioun iwwer d’Prozedur eraus goen. D’Fro misst sinn, wéieng Steierpolitik een am 21. Joerhonnert muss hunn. Den DP-Politiker ass awer kloer géint Steierharmoniséierung bei Betrieber. Et misst ee just kucken fir d’Ecart’en méi kleng ze maachen.

De Charles Goerens seet awer och dass hien d’Propose vun enger Digitalsteier, duerch déi d’Diskussioun iwwer d’Eestëmmegkeet nees opkomm ass, ënnerstëtzt. De Flavient Tulliez ass Steierexpert a Manager am Beräich Comptabilitéit zu Lëtzebuerg. Hie seet dass eng Digitalsteier géif vum Konsument bezuelt ginn.

De Flavien Tulliez seet och dass wann d’EU op de Wee geet fir Betriebssteieren ze harmoniséieren, da wäert se sech iergendwann och gezwonge fille fir bei der Besteierung vun de Persounen nozebesseren, well Länner hir Fiskalitéit einfach kéinten iwwer d’Persounebesteierung nees méi kompetitiv kéinte maachen.

Den Europadeputéierten Georges Bach seet dass d’Opléisen vun der Eestëmmegkeet souwéisou just eng Fro vun der Zäit wier. Als klengt Land kéint ee net ëmmer säi Veto benotzen. Gemeinsam Minimummen wiere gutt, an et misst een Ecart’en méi kleng maachen, sou den CSV-Politiker. Hien seet dass seng Partei sech positionnéiere muss. Innerhalb vun der CSV kann dat zu Reiwereien zwëschen dem wirtschaftlech méi liberalen an dem méi sozial orientéiertem Fligel vun der Partei féieren.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s