Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 5. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)
Bis 2050 wëll d’Europäesch Kommissioun dass den europäesche Kontinent klimaneutral soll sinn. Bis dohinner hunn allegueren d’Membersstaten vun der EU allerdéngs nach ee wäite Wee viru sech.
Enn leschte Mount huet d’Europäesch Kommissioun eng Strategie announcéiert fir bis 2050 op dem sougenannten “zero emissions” Zil unzekommen. Dat heescht dass Europa an e bësse méi wéi 30 Joer ganz vu fossile Brennstoffer ewechkomme wëll.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen, Member vum Ëmweltcomité vum Europäesche Parlament, erkläert dass ee virun allem d’Kuelekraft emol ofschafe misst, fir den Ziler gerecht ze ginn. E Plang wier d’Propose vun der Kommissioun net, och well d’Membersstaaten hannendran hänken. Lëtzebuerg kéint sech mat senge Resultater och net bretzen, well mir bei 6% amplaz vun 11% erneierbar Energien wieren. Dat wier zwar bis 2020, mee de Christophe Hansen weist sech skeptesch dass dat Zil erreechbar wäert ginn.
De Christophe Hansen seet dass besonnesch d’Performance vun deen Gréngen an der Regierung, déi sech op dësem Dossier jo ambitiéis weisen, ze wënschen géing iwwreg loossen. Vu Mesuren wéi méi héich Steieren déi d’Consommatioun erof drécken sollen hält den CSV-Politiker näischt.
D’Europäesch Kommissioun encouragéiert d’Membersstaaten fir bis zum Europäesche Conseil vum Mee 2019 konkret Proposen ze maachen.