Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 6. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)
Déi italienesch Regierung huet een iwwerschaffde Budgte fir d’nächst Woch ugekennegt. Dës kënnt nodeems d’Europäesch Kommissioun d’Budgetspropose zréckgewisen hat.
Iwwer déi lescht zwee Deeg war een zimmlechen Duererneen an den Annoncen vun der italienescher Regierung, wat virun allem doru läit dass déi Responsabel zu Roum der Europäescher Kommissioun eppes aneres soen wéi hirer lokaler Press. Een Ënnersekretär vum Cabinet, den Giancarlo Giorgetti, seet Reuters dass d’Regierung wëlles hätt bis zu 4 Milliarden, déi fir Ännerungen bei de Pensiounen a fir ee Grondakommes geplangt waren, kierze kéint. Dogéint sot allerdéngs gëschter den italienesche Premierminister Giuseppe Conte der Zeitung La Repubblica dass een um Budget just “e puer kleng Saachen ännere géing”.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens, Member vun der Budgetskomissioun vum Europaparlament, mengt awer net dass et esou kéim, a behaapt dass et elo wichteg wier fir dem Emmanuel Macron seng Reformvirschléi unzehuelen.
Nodeems Italien hiere Budget dann d’nächst Woch virleet muss d’Europäesch Kommissioun dann décidéieren op dat si zefridde stellt. Je nodeems kéint de Sträit dann an di zweet Ronn goen.