[REPORTAGE] Bach an Engel verteidege sech géint Kritik u mangelnder Transparenz

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 23. November ausgestraalt ginn.

Nieft hirem Salaire kréie Memberen vum Europäesche Parlament eng Pauschal iwwerwisen vu €4.400 de Mount, mat deene se Saachen wéi z.B. Loyer vu Bureau’en, Stroumrechnungen asw. bezuele mussen. 4 vun de 6 Lëtzebuerger Europadeputéieren haten an enger Resolutioundebatt fir een Amendement gestëmmt deen des Ausgaben méi transaparent géing maachen an d’Europadeputéierten opfuedert iwwregbleiwend Suen zréckzeginn.

De Georges Bach an de Frank Engel haten dogéint gestëmmt. De Georges Bach erkläert dass déi Pauschal deemols esou existéiert hätt wéi hie Member vum Parlament gi wier, a net weider anescht wier wéi z.B am däitsche Bundestag. Wann een op de Wee géing goen fir alles transparent ze maachen da géif dat immens vill Bürokratie mat sech brengen, deemno also vill neit Personal. Den Amendement wier dowéinst just politesch Schaumschléierei gewiescht.

De Frank Engel huet méi haart Wieder. Hie kéint d’Opreegung guer net verstoen. Europadeputéierten géifen ëmmer nees ënner Kritik stoen well ee “Lénken Fraktioune géing op de Läim goen”. Den CSV- Europadeputéierten Christophe Hansen hat, contraire zu senger eegener Fraktioun, fir den Amendement gestëmmt. De Frank Engel seet dass säi Parteikolleg sech onnéideg vu Journalisten ënner Drock setze gelooss hätt.

De Frank Engel seet och dass ee misst oppassen Europaparlamentarier net ze vill ënner finanziellen Drock ze setzen. An a puer Joeren kéint et dann schnell sinn dass sech guer kee méi mellt fir esou ee Posten unzehuelen.

Obwuel den Amendement dee méi Transparenz bei de Fraisen freet duerchkomm ass, bleift elo ofzewaarden op Ännerungen fir dat nächst Parlament komme wäerten. Et schéngt ob alle Fall wéi wann d’Lëtzebuerger Vertrieder zu Bréissel, sech nach net ganz eenz wieren.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s