Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 14. November ausgestraalt ginn.
D’Europäesch Unioun schafft un hirer Plastikstrategie, déi den Ament zwëschent dem Europäesche Conseil an dem Parlament diskutéiert muss ginn. D’Produzente soen hirersäits dass si d’Grondidee ënnerstëtze, mee net esou wéi se soll ausgefouert ginn.
D’Europäesch Kommissioun wëll mat hirer Propose fir eng ëmfangräich Reform vun der Benotzung vum Plastik een Zeeche fir méi ëmweltfrëndlech Politike setzen. Nieft der Propose vun der Kommissioun, huet d’Europäescht Parlament och Verbueter fir dënn Plastikstuten, biofragmentable Plastik, takeaway Plastikcontainer a Becher aus Styropor dobäi gesat.
De Karl Foerster vu “PlasticsEurope”, also der Representatioun vun de Plastikproduzenten, seet dass seng Industrie mat u Bord wier fir d’Verknaschtung duerch Plastik ze vermeiden. Et wier net am Intérêt vun der Plastikindustrie fir d’Weltmierer ze verpeschten. Allerdéngs wieren an der aktueller Propose Onstëmmegkeeten dran. Zum Beispill iwer gesot ginn dass déi Top10 Plastikprodukter déi sech an de Mierer eremfanne misste verbuede ginn. Par contre wier awer och elo de Styropor mat dran, deen guer net zu deenen Artikelen géing gehéieren.
De Karl Foerster seet dass hien hofft dass den Europäesche Conseil nobessere kann bei de Prioritéiten, an dass d’Reegelen an allen EU-Membersstaaten uniform wäerte sinn.
Mat Verbueter kéint ee näischt ufänken. Et wier wichteg do onzesetzen wou d’Verhale vu de Mënsche géing falsch leien. Dass Leit einfach Saachen an de Bësch oder de Floss geheien géing sech net doduerch änneren dass ee Plastikbechere géing verbidden.
D’Industrie géif hir Verantwortung iwwerhuelen fir Knascht anzesammelen an ze verwäerten. Dofir wier eng raisonnabel Diskussioun néideg, a kee Populismus.
Elo bleift ofzewaarden ob den Europäesche Conseil d’Suergen vun der Industrie och deelt.