Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 16. Oktober ausgestraalt ginn.
No de Chamberswahlen e Sonnden gouf och am Ausland reagéiert. E bësse schnell huet EUObserver zu Bréissel schon um Méinden de Moie geschriwwen dass de Premierminister Xavier Bettel géing um Pouvoir bleiwen. De fréiere belsche Premier a Chef vun der Liberalen am Europaparlament Guy Verhofstadt deelt den Artikel op Twitter, a gratuléiert dem Xavier Bettel. Lëtzebuerg bräicht him no eng progressiv Regierung déi fir d’Europäesch Unioun wier.
De Manfred Weber, Kandidat fir d’Présidence vun der Europäescher Kommissioun fir d’Europäesch Vollekspartei EVP, mellt sech och zu Wuert. “Et ass Zäit fir de Wiessel!” schreift de Kandidat fir den europäesche Spëtzeposten op Twitter.
Déi dätsch Politikerin Julia Reda, wat als eenzegt Europadeputéiert fir déi Europäesch Piratepartei am Europaparlament sëtzt, tweet sengersäits dass et op d’Ënnerstëtzung vun de Neigewielten Sven Clement a Marc Goeregen setzt, besonnesch op Dossier’en vun Urhiewerreechtsreformen.
D’Nathalie Griesbeck, eng Europdeputéiert vu Metz vum zentristesche Mouvement Démocrate freet sech iwwert d’Resultat vun der DP, déi sech am Kontext vun der allgemenger Stëmmung an Europa gutt gehalen hätt. Si fënnt et besonnesch markant wéi schlecht d’LSAP ofgeschnidden hätt, wat een iwwerall an Europa kéint observéieren.
Eppes ass secher : International zielt d’Resultat vun de Chamberswahlen net als Schockresultat. Et hätt kee massive Ruck op Extremer zou ginn.