Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 23. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Um Dënschden-Owend war de Facebook-Hearing mam Mark Zuckerberg am Europaparlament zu Bréissel. No dem Skandal mat Cambridge Analytica ass et drëms gaangen de Facebook Grënner iwwer Changementer an der Politik vu senger Entreprise ze befroen. De Bill Wirtz huet sech d’Reaktiounen zu Bréissel ugekuckt.
Annerhallef Stonn huet den Hearing mam Mark Zuckerberg gedauert, an deem d’Cheffen vun de Parteifraktiounen am Europäesche Parlament Froen un de Facebook Grënner gestalt hunn. Grondsätzlech waren d’Froen net immense anescht wéi déi déi schon an ähnlechen Hearings am amerikanesche Kongress opkoumen, just schéngen d’Parlamentarier zu Bréissel nach ee Stéck méi frustréiert gewiescht ze sinn.
Allgemeng gouf et een immenst Mësstrauen vis-à-vis vu Facebook, wéi een et am Beispill vun enger Interventioun vun der Fraktiounschefin vun den europäesche Lénken, Gabriele Zimmer héiere konnt:
De Mark Zuckerberg huet sech wéineg emotionell verhalen, an huet sech am Verglach zu aneren Optrëtter méi professionell verhaalen.
De Fraktiounschef vun den europäesche Liberalen, a fréieren belschle Premierminister Guy Verhofstadt sot sech op Twitter enttäuscht iwwert een “virgekaachtent Format andeem de Zuckerberg eis Froen évitéiere konnt”. De Manfred Weber vun der Europäescher Vollekspartei schreift op Twitter dass de Facebook-Chef net garantéiere konnt dass ee neien Cambridge Analytica Skandal net virkomme kéint. De sozialistesche Gruppechef Udo Bollmann mengt dass d’Diskussioun iwwer Facebook am Kär vun eise Valeuren vu Privatsphär an Demokratie leien.
Elo wou déi nei Datschutzreegelung vun der EU a Kraaft trëtt, ass d’Fro am Parlament zu Bréissel op d’Reaktioune vum Mark Zuckerberg d’Parlamentarier iwwerzeegt, dass scho genuch reglementéiert gouf.