Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 6. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Den amerikanesche Präsident Donald Trump huet Europa temporär vu sengen Steieren op Stool an Aluminium ausgeschloss. An der Europäescher Unioun ass awer kee sech richteg secher wéi et elo weider geet. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
Dass Europa net vun den Handelszöll op Stool an Alumnium betraff wäert sinn, huet am Ufank gutt geklongen, bis ee mierkt dass d’Ausnahm just bis Enn des Mount gëllt. Bis den 1. Mee wëll den Donald Trump dass d’EU dat wat hien “Handelbarrièren” nennt, kläert. De Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker huet dozou schon gesot dass hien dëss Deadline fir net realistesch hällt, well zevill ze diskutéiere wier.
D’Europadeputéiert Viviane Reding seet dass den amerikanesche Präsident onberechnbar ass.
D’Viviane Reding sëtzt an der Europaparlaments-Kommissioun fir internationalen Handel, a war viru kuerzem zu Washington, fir mat Memberen vum Senat ze schwätzen.
Dass eng temporär Paus gemaach géif ginn, hätt vill mat de Besoin’en vun amerikaneschen Entreprisen ze dunn, déi op europäesch Produkter ugewise wieren.
De Problem vum internationale Stoolmarché, doriwwer beschwéieren sech och d’Produzenten, ass besonnesch dass um chinesesche Maart iwwerproduzéiert gëtt. D’Viviane Reding seet dass dat awer net den Amerikaner hieren Haaptproblem ass.
Et schéngt wéi wann d’Europäesch Unioun, doduerch dass den Donald Trump esou unvorhersehbar ass, nach un hierer handelspolitescher Taktik feile muss.