[REPORTAGE] EU : Schwaarz Lëscht vu “Steierparadäiser” verëffentlecht

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 6. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO] : Um Dënschden sinn déi europäesch Finanzministeren sëch op eng laang ëmstriden « schwaarz Lëscht » fir Steierparadäiser eens ginn. Vu Bréissel bericht de Bill Wirtz:

Wéi d’Stëmmung am Ecofin zu Bréissel um Dënschden war kann ee sech e bessen denken. Bei der Diskussioun ëm sougenannte Steierparadäiser hu d’EU-Memberstaaten sech schon eng Zäit geriwwen. Länner wéi Malta, Irland, Zypern, Holland oder de Grand-Duché si gewinnt virsichteg bei Steierfroen. Och wann d’EU Kommissioun schon an der leschter Woch drop higewisen hat dass keng EU-Memberstaaten an esou enger Lëscht géifen opdauchen, gouf trotzdem spekuléiert op d’Diskussioun iwwer Steierpraxis’en net awer géif opkommen. Schlussendlech ass et awer dobäi bliwwen: 17 net-EU-Staaten goufen an der Lëscht vun de Finanzministere festgehalen. Dorënner befanne sech Länner wéi d’Mongolei, Südkorea, Bahrain, Barbeidos oder och déi Vereenten Arabesch Emirater.

Besonnesch Groußbritannien kann no der Décisioun gëschter opotmen: Hir Territoiren wéi d’Cayman an d’Bermuda Inselen, déi 2015 an enger Lëscht festgehale goufen, erschéngen duerch déi nei Methodologie net méi.

De Lëtzebuerger Europarlamentarier Claude Turmes mengt dass hei ee wichtege Schrëtt fir Transparenz a Gerechtegkeet gemaach gouf.

Kritik übt de Claude Turmes un der Ausgangspositioun vun der Lëtzebuerger Regierung.

Problematesch gëtt der EU hier Lëscht dann wann et drëms geet wat fir Konklusiounen doraus gezu musse ginn. Strategesch Partner wéi Südkorea als Steierparadäis duerstellen ass eng Saach, Sanktiounen ze imposéieren eng ganz aner. Et bleift elo ze gesinn wat fir konkret Mesuren d’EU-Finanzministeren an deene nächste Wochen a Méint huele wëllen.

[Radio OFSO]: Zu Bréissel sinn sech déi europäesch Finanzministeren op eng “schwaarz Lëscht” vu sougenannten Steierparadäiser eens ginn. Lëtzebuerg ass net mat drop, bericht de Bill Wirtz vu Bréissel.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s