De Réckbléck vun der Woch [24/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Lëtzebuerg ënnerschreift 4 Accord’en mat China

Bei där éischter offizieller Staatsvisite vun engem Lëtzebuerger Regierungschef a China zënter 2004, huet de Xavier Bettel insgesamt 4 Accord’en mat de Chineseschen Autoritéiten ënnerschriwwen, dorënner Theme betreffend Fintech an audiovisuell Kooperatioun. Wéi den RTL um Méindeg schreift:

“Um Dënschdeg gëtt d’Lëtzebuerger Delegatioun zu Zhengzhou empfaangen. Diskussioune konzentréiere sech an der Haaptsaach op de Logistik- an Aviatiounssecteur, wat zukünfteg Collaboratioune betreffen. De Partenariat tëscht Lëtzebuerg an der Provënz Henan huet et der Cargolux dann och erlaabt, hir Aktivitéiten an Asien iwwert de Fluchhafe vun Zhengzhou auszebauen.”

Wiseler schléisst Koalitioun mat der ADR aus

Um Méindeg huet de CSV-Spëtzekandidat fir d’Chamberswahlen 2018, de Claude Wiseler, dorop insistéiert dass eng Koalitioun zwëschen der Vollekspartei an der ADR “wéi se haut ass” net stattfanne wäert. Et géifen ze vill Sujet’en ginn op deenen déi zwou Parteien sech net eens wieren, dorënner verfassungsrechtlech Froen oder Positiounen zum gläichgeschlechtleche Mariage. Wéi de Paperjam schreift:

“Claude Wiseler a d’ailleurs insinué ce lundi que les partis gouvernementaux viseraient à diviser le paysage politique en deux camps. Stratégie qualifiée d’erreur par le prétendant au poste de Premier ministre: «Diviser est une mauvaise option.»”

Eurostat: Lëtzebuerg huet immens héich Consommatioun

Deen neisten Zuele vun Eurostat zufolleg huet Lëtzebuerg eng Consommatioun déi 32% méi héich wéi den Europäeschen Duerchschnëtt, dat schreift um Dënschden de Paperjam.

“À 32% au-dessus de cette moyenne, c’est au Luxembourg que la consommation par habitant a été la plus élevée l’an dernier, devant l’Allemagne (22%), l’Autriche (18%) et le Royaume-Uni (15%). La Belgique et la France affichent quant à elles un taux respectif de 13% et de 11% supérieur à la moyenne européenne, sous laquelle se situent de manière générale les pays du sud de l’Europe et ceux de l’ancien bloc de l’Est.”

Prisongen souwäit an der Rei

Um Mëttwoch mellt den RTL dass den Audit iwwer d’Conditiounen am Prisong zu Schraasseg gréisstendeels positiv verlaf ass. Bei der medizinescher Versuergung géif et nach Verbesserungspotenzial, mee hei wëll de Justizministère no der Ouverture vum neie Prisong zu Suessem dann och déi néideg Ännerunge maachen.

Conseil d’Etat seet Nee zum Landesplanungsgesetz

Wéi d’Lëtzebuerger Wort um Mëttwoch schreift huet de Staatsrot 16 formell Oppositiounen vis-à-vis vum Landesplanungsgesetz vum Minister François Bausch.

“In erster Linie missfällt dem Staatsrat die seiner Meinung nach ungenügende hierarchische Gliederung zwischen den einzelnen gesetzlichen Ebenen. Darin sieht die Hohe Körperschaft einen zu großen Spielraum für Interpretationen und Beanstandungen.

Der Staatsrat vermisst auch eine solide Definition für den “Plan d’occupation du sol” und dem “Plan directeur sectoriel”. Folglich bestehe auch hier das Risiko von Interpretationsunterschieden. Im Besonderen verweist der Staatsrat dabei auf den Aspekt des “Standstill”; damit soll verhindert werden, dass Gemeinden bei Arbeiten an ihrem Bebauungsplan aufgehalten würden, sofern sich die Ausrichtung ihres Bebauungsplan nicht mit einem Leitplan überschneidet.”

D’LSAP huet ee Wahlslogan fir d’Gemengewahlen

Bon ech mengen ab dësem Punkt wësst der schon dass dës Woch nees net vill lass war, well elo schon d’Wort mat solchen Nouvellen d’Zäit doutschloe muss. D’LSAP huet ee Wahlslogan fir d’Gemengewahlen, en ass “LSAP fir haut a fir muer”.

Serieux, firwat hu Parteien national Wahlslogan’en fir esouvill eenzel Gemengen. Ganz dovun ofgesinn dass wann d’Sozialisten d’CSV allgemeng kritiséieren, vergiessen se da net dass se an zimlech ville Gemenge mat der CSV an enger Koalitioun sinn?

Elo awer kee Streik am Pflegesecteur

Nodeems et an deene leschte Wochen hefteg hier gaange war am Fleegesecteur, an nodeems den OGBL annoncéiert hat ee Streik ze organiséieren (ob deen se sech sichtlech laang gefreet haten), ass d’Spidolsfederatioun elo mat de Gewerkschaften op ee gemeinsame Nenner komm. D’Wort schreift:

“Etwas verhaltener fällt die Reaktion beim Patronat aus. “Die Arbeitgeber haben in einem äußerst kompliziertem Kontext viel Wasser in den Wein gegossen”, unterstreicht Michel Simonis. Der Kassenführer der Pflegeeinrichtungen (Copas) ist zuversichtlich, dass die Regierung ihre Verpflichtungen in Bezug auf die Finanzierungsfragen einhält. Nach der grundsätzlichen Vereinbarung, die erzielt wurde, dürfte jetzt wieder Ruhe in den Pflege- und Sozialsektor einkehren, hofft Simonis. “

Déi Gréng hunn Zoff zu Suessem

Déi Gréng versiche momentan eng vun hire Gemengeconseiller’en an der Gemeng Suessem aus der Partei ze geheien, nodeems si aner Parteimemberen an der Ëffentlechkeet beleidegt hat an annoncéiert hat bei de Wahlen am Hierscht fir déi Lénk unzetrieden. Wéi d’Tageblatt um Freideg schreift géif Myriam Cecchetti sech géint d’Viewerf wieren a behaapt sech drop bis op Weideres Member vun deene Gréngen ze bleiwen. Nieft dem Myriam Cecchetti wäert och de LSAP-Conseiller Jos Piscitelli fir déi Lénk untrieden.

D’LuxAir huet et net einfach

Wéi d’Tageblatt um Freideg schreift huet déi Lëtzebuerger Airline LuxAir am Joer 2016 zwar méi Passagéier transportéiert, mee huet awer dofir ëmmer méi finanziell Schwieregkeeten. Vill Facteure géifen doran matspillen, notamment dass d’Präisser a Spuenien géifen an d’Luucht goen, Low-cost Airlines an d’Sträiche vun der Fluchlinn op Frankfurt.

“Seit mehreren Jahren in Folge machte die Luxair-Airline Verluste. Im Jahr 2015 gab es noch ein Minus von 3,6 Millionen Euro, ein Jahr später steigerte sich der Verlust auf 8,8 Millionen Euro. Auch das Geschäft mit den Touristen verzeichnete einen Rückschritt und betrug am Ende des Jahres 2016 2,2 Millionen Gewinn. Im Cargo-Geschäft änderte sich auf den ersten Blick nicht sehr viel: der Gewinn sank von 2,7 auf 2,6 Millionen Euro.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s