De Réckbléck vun der Woch [23/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

D’Inflatioun geet zréck

Wéi de Paperjam um Méindeg mellt, ass d’Inflatioun zu Lëtzebuerg vun 1,9% op 1,7% zeréckgaangen ass. Innerhalb vun engem Mount, sou mellt de Statec, sinn de Mazout em 7,8%, den Diesel em 4% an de Bensin 3,3% gefall.

Screen Shot 2017-06-07 at 17.35.09

“Wehe dir widderspriecht eis!”

Sou kléngt et op alle Fall um Méindeg op Radio 100,7. “Dee Kärel muss fort” titelt de Radio fir hiren Interview mam Dietmar Mierkes vun der Drëttwelt-Organisatioun ASTM.

“Datt d’USA sech elo zréckzéien wier “onverantwortlech, onmoralesch a récksiichtlos”. Och wa China aktuell di héchsten Emissiounen hätt, wieren d’USA awer fir iwwert e Fënneftel vun den historeschen CO2-Emissiounen responsabel.”

Den Dietmar Mierkes fiert virun andeems hien hofft dass den Donald Trump gläich verschwënnt. Dass den Donald Trump gewielt gouf mat dem kloer Objectif fir mat Accord’en wéi dem Paräiser Klima-Accord opzehalen, an dass dat ganz vill mat der Arroganz vu verschiddenen Aktivisten a Politiker ze dinn hat, fält dem Här Mierkes net op.

Anglade vs. Rauszer am zweeten Tour vun de Legislativen

Um Méindeg schreift de Quotidien iwwert d’Resultat vun de Legislative vun der véierter Auslandscirconscriptioun (BENELUX), an där de Pieyre-Alexandre Anglade vun dem Emmanuel Macron sengem Mouvement La République en marche and d’Sophie Rauszer vun dem Jean-Luc Mélenchon senger France insoumise sech fir den zweeten Tour um 18. Juni qualifizéiert hunn.

“En effet, la participation n’a été que de 22,56%, soit 27 737 suffrages exprimés pour 122 946 inscrits (en 2012, la participation au 1er tour des élections législatives était de 24,06% au Benelux).”

Den Deputéierten dee bis elo dës Circonscriptioun am Franséische Parlament vertrueden hat, de Sozialist Philipp Cordery, konnt sech net qualifizéieren.

Petitiounsbelustegung

Um Dënschden da kuckt d’Lëtzebuerger Wort op dräi Joer ëffentlech Petitiounen zréck. Dës Petitioune kënnen um Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. Wann se 4500 Ënnerschrëften erreechen da muss d’Parlament een ëffentlechen Debat mat den Organisateure veranstalten: Eppes wat elo schon e puer mol virkomm ass. Et sinn allerdéngs besonnesch déi gescheitert Versich déi witzeg sinn:

“Auch mit der Eingabe 807 (“Pas de vélo sur les trottoirs/rues commerçantes de la ville”) konnte der Ausschuss recht wenig anfangen. “Zum einen weil unklar ist, welche Stadt der Autor meint, aber auch wegen der recht aggressiven Formulierung, wonach Radfahrer eine öffentliche Gefahr darstellten”, so Marco Schank. Auch hier muss inhaltlich nachgebessert werden.”

Oder dëst Beispill zu eisem Ausseminster:

“Auch die Petition 810, in der der Autor ein Auftrittsverbot für Außenminister Jean Asselborn in TV-Talkshows fordert, wurde vom Petitionsausschuss für unzulässig erklärt. Sie ist Marco Schank zufolge verfassungswidrig und war ohnehin nicht ernst, sondern nur als “mediales Experiment” gemeint, um zu sehen, wie die Medien darauf reagieren, wie der Autor auf Facebook bekannt gab.”

Et kënnt zum Streik am Spidolssecteur

Zwëschen dem OGBL an der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois ass et net zu enger Eenegung komm, wouduerch d’Gewerkschaft elo zum Streik kënnt; dat schreift um Mëttwoch den RTL. D’Gewerkschaftlerin Nora Back huet um Radio d’Virgehensweis vum Patronat als provokativ an “eng Frechheet” duergestallt.

“Lo Ufank Mee wou bal alles fäerdeg war, géif dann nees gesot ginn, si bräichten e Blanco-Scheck vun der Regierung fir dat dote kënnen ze finanzéieren. A du koum nees d’Invitatioun fir un de Verhandlungsdësch ze kommen, nodeems se all d’Garantië kritt hätten déi se brauchen, sou d’Nora Back.”

Den OGBL huet iwwerdeems präziséiert dass sech de Streik just géint d’Patronat géing riichten. Dass dobäi natierlech virun allem d’Patiente leider ass awer d’Realitéit. Dorop hat och d’Tageblatt um Donneschden opmierksam gemaach:

“”Wir bedauern, dass die Gewerkschaften einen Streik ankündigen, obwohl wir eigentlich in den wichtigsten Punkten eine Einigung gefunden haben”, steht außerdem in der Mitteilung des Krankenhausverbands. “Wir rufen die Gewerkschaften auf, Verantwortung zu zeigen und zurück an den Verhandlungstisch zu kommen”, so der Verband weiter. “Sonst laufen wir die Gefahr, dass die Patienten am meisten darunter leiden werden.””

Lëtzebuerg beschwéiert sech weider iwwer Maut-Pläng

Um Mëttwoch schreift d’Lëtzebuerger Wort iwwer d’Kritike vun Eisterräich, Holland a Lëtzebuerg zu de Maut-Pläng vun Däitschland.

“Am 31. Mai 2017 hatte die Kommission bereits ein europäisches Mautsystem präsentiert, welche die Mitgliedsstaaten einführen könnten. So soll eine Harmonisierung der Kilometergebühren für Schwertransporter ab 2023 stattfinden. […] Sobald die neuen europäischen Normen in Kraft getreten sind, würde sich das Vignettensystem, was nun in Kürze in Deutschland eingeführt werden soll, als nichtig erweisen, bedauerte das Nachhaltigkeits- und Infrastrukturministerium in einem Presseschreiben am Mittwochabend.”

Eisterräich huet annoncéiert de Sujet virun den EU-Geriichtshaff ze bréngen.

EU-Parquet kënnt op Lëtzebuerg

Wéi den RTL um Donneschde mellt, kënnt den EU-Parquet, eng nei EU-Institutioun déi vun 20 Memberstaate gedroe gëtt, op Lëtzebuerg. 115 Leit sollen ab 2018 oder 2019 dofir um Kierchbierg ënnerkommen.

“Fir de Justizminister Felix Braz ass et nieft dem praktesche Wäert och ee symboleschen deen do mat spillt. Europa géif weisen, datt et zesummeschafft, och bei esou wichtegen Dossieren wéi der Justice.”

Euuuhh… kuckt hei ass een Interview…

Um Freideg war da fir de Rescht vun der Woch schonn näischt méi lass. Dir kënnt iech hei villäicht nach den Interview mam Ausseminister Jean Asselborn ukucken, mee vill gouf och do net gesot. Eng roueg Woch eben…

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s