De Réckbléck vun der Woch [22/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

De MUDAM sicht no engem neie Chef

Wéi den RTL um Méindeg schreift, huet de Conseil d’administration vum moderne Konschtmusée MUDAM d’Prozedur ageleet fir no engem neie Chef ze sichen. Vun CSV, LSAP an déi Lénk gouf et Kritik un der Aart a Weis vum Musée: d’Kandidature ginn iwwer Deloitte ge-outsourced. De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt huet verséchert dass d’Regierung keen Afloss op dës Procédure hätt.

Wéi geet d’Verfassungsännerung virun?

Um Méindeg mellt d’Lëtzebuerger Wort dass d’CSV weiderhin drop besteet eréischt no de Chamberswahle vum nächste Joer mat der Verfassungsreform virun ze fueren. Dës Reform, déi ënnert anerem Reegelen zum Etat d’urgence ännere soll, soll der Vollekspartei no net iwwert de Knéi gebrach ginn.

“Der Verfassungsexperte Paul-Henri Meyers brachte noch ein zweites  Argument ins Spiel, das gegen eine Novellierung des Grundgesetzes vor den Parlamentswahlen spricht. Mit der Reform der Verfassung allein sei es nämlich nicht getan. “Als Konsequenz der Verfassungsreform müssen etwa zwölf bis 15 Gesetze angepasst werden”, so Meyers.”

Chamber-Débat zur Méisproochegkeet an de Crèchen

Um Dënschden hat an der Chamber den Débat zum Sujet Méisproochegkeet an der Crèche stattfonnt. De Paperjam schreift dozou dass de Bildungsminister Claude Meisch dobäi méifach an der Kritik stoung mat der Aféierung vum Franséischen am ganz jonken Alter “Experimenter” un de Kanner ze vollzéien. D’Petitiounnairen, déi vu Fréifuederung näischt wësse wëllen, sinn der Iwwerzeegung dass et d’Kanner duerchenee bréngt.

“Le principal auteur de la pétition, l’enseignant Jacques Dahm, expliquait par ailleurs avec des reproches parfois saillants contre le ministre que, selon une étude du Canadien Jim Cummins, un enfant devrait d’abord maîtriser sa langue maternelle pour ensuite mieux en apprendre une autre.”

Eng Situatioun vu fräiem Marché bei de Crèchë géif dozou féieren dass de Claude Meisch an den Här Dahm hier Kanner an déi jeeweileg Crèche schécken déi hinnen eng besser Offer fir hier Kanner mécht. Mee dorop kënnt jo keen.

Den OGBL ass zefridden: Mir maachen eppes falsch

“Déi aktuell Regierung huet mei fir d’sozial Gerechtegkeet gemaach, wei déi virëscht Regierung”, esou gëtt de President vun der Chambre des Salariés, den OGBL-Aktivist Jean-Claude Reding op Radio 100,7 um Dënschden zitéiert.

“Déi blo-rout-gréng Regierung hätt a leschter Zäit méi gemaach fir d’sozial Inegalitéiten ze bekämpfen. D’Regierung hätt eng Rei Moossnamen geholl, déi an déi “richteg Richtung” ginn, zum Beispill mat der Steierreform oder der Adaptatioun vum Mindestloun. Et wär awer nach ze fréi fir anzeschätzen op d’Inegalitéiten doduerch laangfristeg méi kléng ginn. Fir dat ze garantéieren, missten nach weider Mesuren geholl ginn seet de Jean-Claude Reding: “Mir sinn der Meenung, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent misst eropgesat ginn, fir op e Niveau ze kommen, wou een net méi aarm ass wann ee schafft.”

Spéitsdens wann dee aflossräichste Gewerkschaftler zu Lëtzebuerg bis moyennement frou ass, musse mer festellen dass mer beim Sozialstaat zeréckschrauwe mussen.

Méi zum Sujet Mindestloun: Kritik um Mindestlound dierf keen Tabu sinn

“Et richt no Streik”

Et richt no Streik, schreift de Gewerkschaftssekretär Hubert Hollerich um Dënschden op Facebook, am Kader vum Sträit zwëschen dem OGBL an dem Fluchhafebedreiwer Lux-Airport.

Beim Sträit geet et em déi méiglech Privatiséierung vun der Fluchhafeverwaltung ANA.  Elo soll d’Mediatioun, ënnert anerem och mat Hëllef vun der Regierung ugoen, schreift um Mëttwoch den RTL. Et wier jo eng Katastroph wann een duerch eng Privatiséierung nach op eemol ee méi effiziente Fluchhafe géif kréien.

Geféierlech Fidget-Spinner

Um Mëttwoch kritt et d’Lëtzebuerger Wort hinn sech extra lächerlech ze maachen andeems se een Agencen-Text zum neiem Trend an der Spillsaachenabteilung kopéiert hunn.

Achtung, nicht immer ungefährlich

Heescht et am Titel zu där komplett ongeféierlech Spillsaach.

“Damit die Benutzer das Spielzeug unbedenklich nutzen können, gibt das “Institut Luxembourgeois de la Normalisation, de l’Accréditation, de la Sécurité et qualité des produits et services” (ILNAS) Tipps.”

Eng vun de Recommandatiounen ass et drop opzepassen dass d’Spillsaach een CE Label huet. Wat genau geféierlech un der dréiender Kannerspillsaach soll sinn geet aus dem Artikel net eraus. Egal, kommt mir maachen emol nei Reegelen.

Ee Patronatsvertrieder mat e bësse méi Pepp w.e.g.

Um Donneschden huet de Patronatsvertrieder vun der UEL, de Nicolas Henckes dem Paperjam een Interview ginn, an deem hien allgemeng Aussoen zu der ekonomescher Situatioun zu Lëtzebuerg gemaach huet. Dem Nicolas Henckes schéngt et oft um néidege Pepp ze feele fir de Gewerkschaften entgéint ze trieden, déi duerch déi passiv Haltung vun der Regierung ëmmer weider un Terrain verléieren.

“Nous devons être plus ouverts au changement et être réactifs pour nous remettre en question.”

Wat de Grand-Duché brauch sinn iwwerzeegte Patronatsvertrieder déi ervirsträichen dass eng funktionéierend Ekonomie déi eenzeg Prioritéit muss sinn, an dass Gewerkschafte wéi OGBL an LCGB alles maache fir deem am Wee ze stoen.

Landeswäite Sondage: Regierung -7, CSV +6

Um Freideg dann huet den RTL d’Resultat vum landeswäite Sondage eraus ginn, an deem d’Regierung insgesamt 7 Sëtz an der Chamber géing verléieren, während d’CSV der géif gewannen.

“D’CSV géif effektiv op 29 Sëtz kommen, d’LSAP op 10, d’DP op 9 an déi Gréng géifen hir 6 Sëtz behalen. Domadder hätt déi aktuell Regierung nach just 25 Sëtz. Der gréisster Oppositiounspartei géif nach 1 Sëtz feelen, fir d’Hallschent vun de Sëtz ze hunn.”

Vullegripp nees zu Lëtzebuerg

Um Freideg mellt de Quotidien dass déi berühmte Vullegripp nees am Land opgetaucht ass. Zu Keespelt, Niederfeulen et Schraasseg goufe jeweils infizéiert Poulet’en festgestallt.

Den Aackerbauministère schreift dozou:

“« Il est recommandé de confiner les volailles à l’intérieur. Tout nourrissage et abreuvement doivent se faire à l’intérieur des bâtiments. Toute mortalité anormale est à signaler à un vétérinaire »”

Bausch nennt Trump “réalitéitsfriem”

Am RTL-Background am Gespréich vun e Samschden seet den Infrastrukturminister François Bausch dass den US-President mat senger Decisioun fir sech aus dem Paräisser Klima-accord zréck ze zéien net méi an der Realitéit géing liewen. Dat as ee bëssen interessant wann et vun engem kënnt deen ausser dem ëffentleche Secteur an der Politik näischt am Liewe gesinn huet, a virun allem vun engem deen een Accord verteidegt deen ouni Consultatioun an ouni Accord vu nationale Parlamenter am Numm vu Milliarde vu Mënschen ëmgesat gouf. De Paräisser Klima-accord gëtt selwer fir d’Temperatur net em 2 Grad klammen ze loossen, erkennt awer och gläichzäiteg dass d’Temperatur egal wéi ëm 1,5 Grad steige wäert. Deemno ass den Accord een onrealistescht Stéck Pabeier wat auf Biegen und Brechen wäert versichen hier weltfriem Ziler ëmzesetzen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s