De Réckbléck vun der Woch [16/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech momentan an der Examenszäit op menger Uni sinn. Donieft ass nach Vakanz am Land. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Nei Petitiounen

Well um Méinde Feierdag, an deemno ausser Fotoë vun der Eemaische, keng lass war, huet d’Tageblatt de point vun de Chamber-Petitioune gemaach:

“Ebenfalls freigeschaltet auf www.chd.lu wurden Petitionen zu folgenden Themen: gegen eine Aufnahme der Türkei in die EU (Nr. 792) sowie für ein Referendum zum Inkrafttreten des CETA-Freihandelsabkommens (Nr. 787); für das Schließen des Autobahnrings rundum Luxemburg-Stadt durch eine Nord-Umgehung zwischen A1 und A6 (Nr. 795); für die Ausrüstung der Luxemburger Polizei mit Bodycams mit dem Argument der Sicherheit der Beamten (Nr. 797); für eine Vereinfachung beim Ausfüllen der Steuererklärung (Nr. 793); für eine stärkere staatliche Beteiligung an den Kosten von Auslandseinsätzen Luxemburger Leistungssportler (Nr. 776).”

Den FMI ass optimistesch fir Lëtzebuerg

Vun 3,1% op 3,7%, esou corrigéiert den Internationale Währungsfong déi Lëtzebuergesch Croissance no uewen, dat mellt um Dënschden de Paperjam.

“«L’accélération de la croissance attendue en 2017 et en 2018 est généralisée, bien que la croissance reste timide dans beaucoup de pays avancés et que les pays exportateurs de produits de base continuent d’avoir des difficultés», explique Maurice Obstfeld, conseiller économique du FMI.”

De Wuesstem vum PIB gëtt gläichzäiteg och vun 3,5% op 4% corrigéiert, esou heescht et vum FMI.

D’Inflatioun fällt

D’Inflatioun zu Lëtzebuerg fält vun 2,7% op 2,5%, esou steet et Mëttwoch am Paperjam. De Grand-Duché géif domat den allgemengen Trend an Europa nogoen. Dat weisen och déi visuell Grafike vun Eurostat:

D’Lëtzebuerger Bourse ass zefridde mat neie Reegelen

“D’Bourse vu Lëtzebuerg ass zefridde mam Resultat 2016. Trotz onstabillen Zäite wieren iwwer 10.000 nei Valeurs mobilières hei cotéiert ginn.”

Dat schreift um Mëttwoch den RTL, deen och drop hiweist dat mam Projet vu sougenannten “Gréngen Obligatiounen” d’Bourse immens vill Succès gehat hätt. Innerhalb vun engem hallwe Joer wieren elo 50% vun den Investitiounen an deenen Obligatiounen zu Lëtzebuerg, woubäi besonnesch China immens interesséiert an dëse Klimaprojetë wier. Kee Wonner dass hei de Rubel rullt, wann een emol a Betruecht hëlt wéivill Milliarde Subside fir Klimaprojet’en anzwëschend fléissen.

Den OGBL mécht sech prett fir ze streiken

Am Gesondheets- a Sozialsecteur gëtt vill geschafft fir sech prett ze maachen… fir net schaffen ze goen. Dat mellt um Mëttwoch d’Tageblatt (wie soss, geldier). Bei der Opwäertung vu verschiddene Carrièrë waren d’Sozialpartner net ee gemeinsamen Nenner komm, iwwregens och net esou wéi wann den OGBL dat gewollt hätt:

“„D’Leit si prett“, so Back [OGBL] gegenüber dem Tageblatt, „sie warten regelrecht darauf und manchen geht es sogar nicht schnell genug.“ Das habe nicht zuletzt der in letzter Minute durch Regierungsvermittlung abgewendete Streik in einem Bettemburger Altenheim gezeigt. Und natürlich die große Demo im Juni 2016 mit rund 9.000 Teilnehmern.”

Kee Wonner dass bei dem Enthusiasmus fir net schaffen ze goen ee Konsens net méiglech war. Wéi gutt dass déi Leit ni am Liewe mussen um fräie Marché iwwerliewen…

Déi Lénk hu kee Sënn fir d’Realitéit

An hirer Serie em d’Lag vun der Natioun hat den RTL en Donneschden een Artikel iwwer déi Lénk. Net nëmme versicht dëse Grupp vu net ganz iwwerzeegenden Ex-Kommuniste fir de Lëtzebuerger Logementsproblem an de Grëff ze kréien andeems se… euhhh… jo dat ass net esou ganz aus dem lénken Deputéierte Marc Baum erauskomm. Op alle Fall hätt d’Regierung onrecht mat hirer Politik.

“Dann hunn Déi Lénk eppes hirer Prioritéite-Lëscht, wat méi erstaunlech ass: de Wuelstand vum Land wier vill ze vill op de Finanzsecteur opgebaut; dat misst geännert ginn. Et bräicht een eng Exit-Strategie, wéi mir d’Ekonomie iwwer déi nächst 10 oder 20 Joer entwéckelen.”

Do sinn ech dann zwar effektiv gespaant.

KOF: Lëtzebuerg Drëtten an der ekonomescher Globaliséierung

“Selon le Kof, un institut de recherche suisse qui calcule les indices de mondialisation, le Luxembourg est le troisième pays le plus mondialisé au niveau économique.”

Dat schreift um Donneschden de Paperjam. Hannert der Slowakei a viru Singapur lant de Grand-Duché am allgemenge Globaziation Index vu KOF. Am Beräich ekonomesch Globaliséierung allerdéngs ass Lëtzebuerg weltwäit Drëtten, hannert Singapur an Irland. De politeschen Afloss vum Land op d’Globaliséierung wier dobäi awer weider kleng. Ëmsou besser…

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

  1. […] Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech momentan an der Examenszäit op menger Uni sinn. Donieft ass nach Vakanz am Land. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. […]

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s