De Réckbléck vun der Woch [17/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech momentan an der Examenszäit op menger Uni sinn. Donieft ass nach Vakanz am Land. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

De Chômage geet weider erof

Dat schreift um Méinden d’Lëtzebuerger Wort. Fir dee 27. Mount an enger Rei fällt de Chômage am Grand-Duché: Domat ass d’Unzuel un Aarbechtslosen 5,3% méi niddreg wéi nach virun engem Joer.

“Der Adem zufolge profitieren hierzulande auch die schwer vermittelbaren Arbeitslosen von den jüngsten Entwicklungen, wie etwa Arbeitslose mit Gesundheitsproblemen (-7,6 Prozent als noch vor einem Jahr), die weniger qualifizierten Arbeitslosen (-7,4 Prozent) und Menschen, die bereits länger als ein Jahr arbeitslos sind (-7,2 Prozent).”

Fransousen zu Lëtzebuerg wielen iwwerwältegend Macron

5 769 Fransousen hunn zu Lëtzebuerg beim éischten Tour vun de Presidentielle den Emmanuel Macron gewielt, dat schreift um Méinden d’Tageblatt. Mat 41,5% vun de Stëmmen louch hien domat virum Republikaner François Fillon (31,4%), dem Jean-Luc Mélenchon (9,6%) an dem Marine Le Pen (6,1%).

“Wat sees de?” – “Du héiers näischt!”

Um Dënschden war dann de groussen Dag: D’Ried zur Lag vun der Natioun. Woche schonn mussen déi aarm (an eidel) Lëtzebuerger Zeitunge Story’en schreiwen déi op dës Ried hiweisen, grad esou wéi wa mir d’Chômage-Zuelen oder de PIB net géife kennen. Zu der Ried ass et awer net komm well eng technesch Pann dofir gesuergt huet dass d’Ried op Mëttwoch huet misse verluecht ginn: De Mikro ass net gaangen. Bon, dat geschitt (besonnesch wann et Fonctionnaire sinn déi sech em d’Technik këmmeren, geldier?).

D’Lëtzebuerger Top-Journalisten, déi extra wéinst där Ried hu misse virun 10 Auer schaffe goen, elo fir näischt an d’Chamber gereest waren a fir owes schonn eng Soirée ageplangt haten, waren op alle Fall net amuséiert. Um RTL beschreift de Nico Graf d’Situatioun als “Real-Satire“. Am Tageblatt gëtt gemengt dass d’Regierung sech just em d’Polit-Telé gekëmmert hätt (also Chamber TV), a spotten “only in Luxembourg”. De Christophe Bumb vum Lëtzebuerger Wort mengt de Premierminister hätt sech lächerlech gemaach, a geet dovun aus dass säi Kommentar esou wäertvoll ass dass mir e just dann um Internet ganz ze liese kréie wa mir fir Wort+ bezuelen. Enfin, nee Merci. Ech ginn dovun aus dass den Titel eis all d’Informatioune ginn hutt.

Natierlech net onverständlech dass mat där viller Iwwerflësseger Zäit déi d’Press um Dënschdegmëtten hat een natierlech direkt konnt e puer Artikele schreiwen, ganz sérieux kënnt dat awer net eriwwer.

D’Ried zur Lag vun der Natioun

Um Mëttwoch war dann endlech déi erwaarte Ried zur Lag vun der Natioun. Aus zäitleche Grënn konnt ech mech net weider mat deem Sujet beschäftegen, ech hunn awer eng Idee wéi een se ëmbenenne kéint! Wéi wier et mat Ried zu Saachen déi dir och ganz einfach a 5 Minutten um Site vum Statec hätt kënne liesen. Kado.

Interessant Reaktioun um alle Fall awer um Mëttwoch vun der UEL, wéi de Paperjam schreift:

“Du côté de l’Union des entreprises luxembourgoises (UEL), son secrétaire général, Nicolas Henckes, a évoqué «la description d’une situation positive pour le Luxembourg, en termes de croissance ou de chômage notamment, dont on ne peut que se féliciter».

«Mais», ajoute-t-il, «la croissance a tendance à anesthésier toutes les velléités de réforme alors qu’il reste des problèmes structurels dans le pays, entre autres au niveau des pensions ou des finances publiques, qui ne sont pas réglés».”

Mee a Verglach zum Virdag wou de Mikro net gaange war, war et op alle Fall langweileg.

Lëtzebuerg mat Plaz 15 an der Pressefräiheet

Am Joer 2016 arrecht de Grand-Duché Plaz 15 vum Ranking vun der internationaler ONG Reporters sans frontières (RSF), dat schreift den Essentiel um Mëttwoch.

“«Malgré la relaxe du journaliste Édouard Perrin, le Luxembourg est apparu clairement plus soucieux de dissuader la presse d’enquêter sur les pratiques d’évasion fiscale en cours dans le pays que de protéger la liberté d’informer dans l’intérêt du public», écrit l’ONG sans prendre de gants. Si elle n’est pas citée dans le rapport, l’affaire entre l’ancien directeur du Mudam, Enrico Lunghi, et RTL, a également agité le pays ces derniers mois.”

Bommenalarm an der City Concorde

Um Donneschden hat kuerz no 9 Auer eng Persoun bei der Police ugeruff fir ze mellen dass am Cora-Supermarché am City Concorde-Akafscenter zu Bartreng eng Bomm verstoppt wier. Wéi den RTL mellt:

“RTL-Informatioune no wier et ëmmer déiselwecht Persoun, déi an der Lescht Bomme-Menace mécht. Et ass schonn deen 4. Bommenalarm zu Lëtzebuerg an Zäit vun e puer Wochen. Virun engem décke Mount waren honnerte Leit aus dem Auchan an dem Utopolis um Kierchbierg evakuéiert ginn. Um Donneschdeg virun enger Woch gouf et eng Menace an engem Baumaart zu Beetebuerg. An engem méi klenge Mooss gouf et en Dënschdeg am Nomëtteg eng ähnlech Menace bei der Fixerstuff zu Bouneweg. An deem Fall konnt den Täter nëmme kuerz drop duerch  seng Telefonsnummer festgeholl ginn.”

Radaren: Wéineg Afloss op d’Conduite

Um Donneschden schreift de Quotidien dass enger TNS-Ilres Emfro no déi nei fix Radaran zu Lëtzebuerg wéineg Afloss op d’Fuerverhalen hätten:

“Plus d’un tiers des résidents (37%) affirment conduire plus lentement, même si la majorité (22%) ralentissent uniquement à l’approche des radars (à noter que cela concerne 32% des 35-44 ans). En réalité, ils ne sont donc que 15% à avoir levé le pied de manière générale sur les routes.”

Kataris wëllen hiere Part’en vun der BIL verkafen

Um Freiden mellt den Essentiell dass de Katareschen Staatsgroupe Precision Capital hier Part’en un der Lëtzebuerger BIL laagi wëllen:

“Selon Bloomberg, Precision Capital aurait déjà mené des entretiens avec de potentiels acheteurs. Cependant, aucun accord n’aurait été signé jusqu’ici.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

  1. […] Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech momentan an der Examenszäit op menger Uni sinn. Donieft sinn ech de Weekend zu Paräis fir déi franséisch Wahlen ze couvréieren. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. […]

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s