De Réckbléck vun der Woch [10/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Fir 8 000€ op Washington

D’lescht Woch hat de Feierkrop gemellt dass d’CSV Deputéiert Nancy Kemp-Arendt ee Fligerticket vun 8 000 € vun der Chamber rembourséiert krut fir eng Rees op Washington fir d’NATO-Parlament. Dëse Vol wier anscheinend wéinst der Joreszäit an dem spéide Buchen esou deier ginn. D’Deputéiert selwer sot am RTL Interview e Méinden dass si der Meenung ass dass d’Majoritéitsparteien hei hir Fanger am Spill haten, well just si cibléiert gouf.

Onverständlech bleift usech weiderhi wisou Lëtzebuerg net och wéi aner Länner all d’Ausgaben vun de politesche Mandatairen offe leed, esou wéi dat a Groussbritannien schonn de Fall ass.

De François Bausch huet Recht… mol eng kéier!

Um Méindeg zitéiert d’Lëtzebuerger Wort den Transportminister François Bausch, dee riicht eraus op d’Decisioun vun der SNCF reagéiert fir net op Lëtzebuerg iwwer d’TER Linn Thionville-Metz-Nanzeg ze fueren:

“Es gab Unfälle in Lothringen, es gab Unfälle auf grenzüberschreitenden Linien. In keinem Fall wurde deshalb der Eisenbahnverkehr gestoppt. Mit der DB hätte sich die SNCF dies nicht erlaubt“, so Bausch.”

Effektiv stëmmt et dass et schwéier virstellbar ass dass d’Gewerkschaft dës Haltung vis-à-vis vun der Deutsche Bahn gehat hätt. De Refus ze fuere war ganz einfach ee Grond fir net op d’Aarbecht ze goen, wat fir déi meescht Gewerkschafte jo déi eenzeg Beschäftegung ze si schéngt. Eréischt ab e Méinden, also ee ganze Mount nom Accident, soll dem Paperjam no de Verkéier nees normal lafen.

D’Jugendparlament huet Angscht viru Roboteren

Obwuel den Amir Vesali zwar immens fléissend als Invité vun der Redaktioun vum RTL en Dënschden de Moien op der Antenn eriwwer komm ass, sou ass d’Positioun vum Jugendparlament a Saachen Rifkin-Etude net manner konfus. An deene bal 7 Minutte schwätzt de President vum Jugendparlament vum “soziale Volet vun der Rifkin-Etude” vun der Angscht dass Robotiséierung zu Aarbechtslosegkeet féiert.

Mol ganz dovun ofgesinn dass den Jeremy Rifkin, deen 2014 scho gemengt huet dass niddreg marginal costs iergendwann eng kéier zu enger Economie féieren an deenen d’Produktiounskäschten 0 sinn, wat ee monstréisen ekonomeschen Nonsens ass, mat wéineger Logik wëll d’Jugendparlament d’Robotiséierung kritiséieren? All Kritik u moderner Technologie erënnert un ee berühmtent Zitat vum Economist Milton Friedman, dat am Wall Street Journal reproduzéiert gouf:

“At one of our dinners, Milton recalled traveling to an Asian country in the 1960s and visiting a worksite where a new canal was being built. He was shocked to see that, instead of modern tractors and earth movers, the workers had shovels. He asked why there were so few machines. The government bureaucrat explained: “You don’t understand. This is a jobs program.” To which Milton replied: “Oh, I thought you were trying to build a canal. If it’s jobs you want, then you should give these workers spoons, not shovels.””

Robotiséierung mécht de Wee op fir nei an innovativ Aarbechtsplazen, an do wou se dat net mécht vergréissert se de Confort oder reduzéiert d’Aarbechtszäit. Méi zu deem Sujet gëtt et a mengem Januar-Artikel zum Sujet 35-Stonnen-Woch.

Eng nei Pétitioun géint d’Franséischt an der Schoul

Dëse komeschen Nationalismus Made in Luxembourg geet virun: En Dënschden schreift den Essentiel dass eng nei Chamber-Petitioun déi d’Ofschafen vum Enseignement vun der Franséischer Sprooch a jonkem Alter fuerdert vun der Kommissioun acceptéiert gouf an deemnächst ënnerschriwwe wäert kënne ginn.

EY: Bankereguléierung immens deier

Um Freideg huet de Cabinet EY an d’Bankenassociatioun ABBL eng Etude zu de Käschten vun der internationaler Bankereguléierung présentéiert, déi sech am Joer 2015 op 458 Milliounen Euro berechent, sou schreift de Paperjam um Donneschden: 20% méi wéi nach 2014, also 1% vum PIB. Dëst ass d’Resultat vun enger Europäescher Komissioun déi sech constamment nei Reegelen afaale léist. A meeschten Schueden dës Käschten net den Actionnairen, mee virun allem de Leit déi an der Entreprise schaffen an d’Clientèle op déi dës Käschten iwwer d’Fraisen ofgefiedert ginn.

D’Regierung refuséiert d’strukturellt Ofschafen vun de Kierchefabriken

RTL-Informatiounen no, déi um Samschden eraus komm sinn, huet den Inneminister Dan Kersch ee Bréif un d’Lëtzebuerger Kierchefabricken an de Bistum adresséiert, an deem hie refuséiert sech engem faule Konsens hinzezéien:

“Den Dan Kersch bleift och strikt  géint eng Iwwergangsphas an ass net domadder averstan, datt d’Fabriques d’église nëmme graduell ofgeschaf ginn.”Et gëtt Zäit dass d’Regierung bei dëse Sujet’en viru kënnt, an sech och dem Verspriechen higëtt bei de reléise Kulte radikal Kierzungen am Budget ze proposéieren.

De Grénge Kongress, oder: Soe wat scho gesot gouf

Wann den RTL ee Reportage iwwer de Kongess vun déi Gréng mecht, déi um Samschdenden Optakt vun de Parteikongresser gemaach hunn, da misst ee jo usech dovun ausgoen dass si déi essentiell Aussoen erausgräifen. Bemierkenswäert ass dësen Online-Artikel virun allem well all gemaachten Ausso absolut näischt ausseet. Wie loscht huet sech e puer Sekonnen vun engem Deel vun enger Ried unzelauschteren an deem absolut näischt gesot gëtt, fir deen sinn d’RTL-Cuts vun der Grénger Fraktiounschefin Viviane Loschetter an der Parteipräsidenting Françoise Folmer perfekt.

D’Klassiker gëtt et iwwregens och vum Gréngen Europadéputéierten Claude Turmes:

“Fir den Europadeputéierten Claude Turmes stéing d’Essenz vum demokratesche Fortschrëtt um Spill. Weltwäit wieren d’demokratesch Wäerter a Gefor, duerch esou Leit wéi Erdogan, Trump, Orban oder Putin. Vill Leit wieren onsécher, dofir hätten di Rietspopulisten och deen Zoulaf, dee se hunn. Dofir wier et wichteg, datt di Ongerechtegkeete vun der Globaliséierung zesumme mat de Leit diskutéiert ginn an déi Gréng opstinn a kloer maachen, datt et esou net virugeet.”

Parteikongresser sinn allgemeng just grouss Shows déi de politesche Parteien dozou déngen nees op der Telé ze laafen, keng Partei ass virun där Saach immun. Déi eidel Flosekeln an der Lëtzebuerger Politiklandschaft ka vun de Bierger a vu éierlechen Journalisten bekämpft ginn, andeems si déi wichteg Froe stellen, dorënner: Wéieng Plaz huet de Staat an dësem Politikfeld, a firwat mécht sech d’Bürokratie iwwerhaapt an dëse Sujet an?

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s