5 Nei Chamber-Petitiounen déi een zum Verzweiwele bréngen

De Chamber-Site begléckt eis ëmmer nees mat neien an haarsträubenden Petitiounen. Hei eng Lëscht vun deenen déi nei sinn:

D’Crëschtvakanz verréckelen

Kennt der dat wann d’Schoulvakanzen net esou fale wéi dir et iech wënscht? De Joseph Hinterscheid huet op alle Fall de Problem an d’Hand geholl an eng ëffentlech Petitioun lancéiert, déi freet dass d’Chrëschtvakanz no hanne verréckelt gëtt. D’Motiv kéint méi Lëtzebuergesch net sinn:

“Den Auteur vun dëser Petitioun gesäit den Notze vun dësem fréien Ufank vun der Chrëschtvakanz net an, et bréngt awer Onannehmlechkeete mat sech, besonnesch fir déi Leit déi sech regelméisseg iwwer d’Joresenn am Ausland ophalen an déi normalerweis en Openthalt plangen, de souwuel Chrëschtdag wéi och Neijooschdag mat abegräift. Esou een Openthalt gëtt duerch de fréien Ufank vun der Vakanzeperiod onméiglech, well jo da scho sämtlech Schüler, souwéi och dat gesamte Schoulpersonal, um Owend vum 1. Januar mussen erëm am Land sinn.”

Bis den 21. Mäerz kann een dëst Schrëftstéck fir bildungspolitesch Entwécklung nach um Site vun der Chamber ënnerschreiwen.

D’Bankgeheimnis opléisen

Privatsphär? Nee Merci! Dat seet den André Schmit deen eng Petitioun lancéiert huet fir d’Bankgeheimnis fir d’Awunner zu Lëtzebuerg opzeléisen. Grond heifir wier dass et eng Diskrepanz géif ginn, well Leit déi net zu Lëtzebuerg liewen net vun dësem Privileg kënne profitéieren. Den Här Schmit gräift mengem Privatsphär-Argument direkt vir andeems e schreift:

“Der gläserne Bankkunde ist bei letzterem bereits Realität. Es gibt eigentlich keinen rationalen Grund das Bankgeheimnis in Luxemburg aufrecht zu unterhalten. Eine Verletzung der Privatsphäre ist schon allein auf Grund des Berufsgeheimnisses der Steuerbehörde ausgeschlossen.”

Et kéint een dem Här virwerfen e bëssen zynesch un d’Saach erun ze goen. Wat natierlech direkt e puer Froe stellt: Wann de gliesene Bierger scho Realitéit ass, firwat musse mir de secret bancaire dann ofschafen? A wa mir der Administratioun egalwéi ëmmer trauen hiert Funktioun richteg ze erfëllen, firwat hu mir da Saache wéi d’Postgeheimnis oder Appellsprozesser?

Kee Franséisch méi an der Schoul

Dëse komeschen Nationalismus Made in Luxembourg geet virun: Eng nei Chamber-Petitioun déi d’Ofschafe vum Enseignement vun der Franséischer Sprooch a jonkem Alter fuerdert kann nach bis de 24. Abrëll ënnerschriwwe ginn. Ganz dovun ofgesinn dass Sprooche fréi léieren absolut wichteg ass fir ee Gefill fir se ze kréien et och bemierkenswäert dass de Jacques Dahm, Auteur vun der Petitioun, déi ganz 550-Wieder Beschreiwung op Franséisch geschriwwen huet. Wéi en dat wuel geléiert huet…

Gratis Kondomer an de Schoulen

Wonnerschéin un dëser Petitioun ass dat den Auteur keng Beschreiwung hinzou gefüügt huet. Selbsterklärend, geldier? Déi nobel Aktioun fir Schüler d’Käschten ze erspueren ass vun der Petitiounskommissioun leider fir irrecevabel erkläert ginn…

Méi Suen fir jonk Sportler

Et ass immens wann ee feststellt wéi vill Leit net domat liewe kënne wann dee Succès dee si sech versprach hunn net antrëtt a si dofir de Steierzueler mussen ausquëtschen. Dës Petitioun, déi herno och als irrecevabel erkläert gouf, wollt (ouni Beschreiwung iwwregens) dass jonk Lëtzebuerger Athlete méi Sue sollte kréie fir hir Aktivitéiten.Solch Petitioune sinn ee bildleche Beweis dovu wéi de Staat de Leit d’Gefill vermëttelt kréien si wieren als Kollektiv déi rechtméisseg Proprietairë vun anere Leit hire Suen. “Asou, meng Supportere gi mer net genuch Sue fir meng Aktioun? Da muss de Steierzueler dat eben droen!”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s