D’Halschent vun de Leit zu Lëtzebuerg huelen ni een Taxi

Dat schreift d’Lëtzebuerger Wort um Donneschden, wier d’Resultat vun enger rezenter TNS-Ilres Ëmfro.

De Fait dass d’Stad Lëtzebuerg ënnert deenen 10 deierste Stied ass fir een Taxi ze huelen hëlleft dem Business sécher net. Der TNS-Ëmfro no huelen 52% vun de Resident’en am Land NI een Taxi, 18% manner wéi eemol d’Joer, 4% eemol de Mount, 2% eemol d’Woch a 0% all Dag.

Schold doru sinn d’Taxislizenzen déi vum Staat ausgestallt ginn, déi ëmmer eng inflationär Tendenz hunn. All Marché bei deem der eng limitéiert Unzuel u Lizenzen hutt steigen d’Präisser konstant. Gutt Beispiller dovu sinn d’Notairen an d’Apdikten, déi allebéid protegéiert Marchéë sinn, wouvu just verschidde Leit mat vill Sue profitéieren. Soulaang wéi den Transportministère, an domat d’Regierung, um System vun dëser Restriktioun festhält, si folgend Titelen absolut vertrietbar a richteg:

De François Bausch ass géint bëlleg Taxi’en

“Studenten: Wann dee leschte Bus fort ass, schlooft op der Strooss”

Déi räich Lëtzebuerger Taxislobby gëtt vun der Regierung gesponsert

Interessant ass dobäi dass verschidde Majoritéitspolitiker scho viru Joren op dee Problem higewisen hunn. An engem Artikel vu viru genau zwee Joer war ech op d’Tribune libre (déi leider net méi um Internet verfügbar ass) vum DP-Deputéierten Max Hahn agaangen, dee richteg gesot huet:

Et muss een an Zukunft hannerfroen ob et net méi sënnvoll wier, aus dem ganzen Land just eng eenzeg Zon ze maachen an d’Begrenzung vun de Lizenzen opzehiewen. De Staat schreift jo och net vir wéi vill Elektriker wou am Land schaffen däerfen, oder wéi vill Restauranten an der Stad däerfen opmaachen.

Leider ass vun där Analys 24 Méint méi spéit näischt méi ze gesinn. Huet d’DP de Sujet vun enger effektiver Taxisreform total un déi Gréng ofginn? Wou ass den Optimismus vum deemolege Stater Buergermeeschter Xavier Bettel fir um Sujet eppes ze beweegen?

D’Situatioun haut ass dass den Transportminister François Bausch géint eng Marchéskonkurrenz wéi Uber ass, seng Reformen näischt un der Präissituatioun geännert hunn an hien der Taxislobby, dorënner Leit wéi dem Olivier Gallé vum Taxismonopolist Colux, seng Angschtmaacherei noschwätzt.

En Taxi an der Stad ze huelen ass haut ee Privileg, a net, wéi et sollt sinn, en Deel vun enger moderner Stad. Déi eenzeg déi sech haut een Taxi leeschte kënne sinn déi déi et vun hirer Entreprise finanzéiert kréien.

Dat muss änneren.


Och fir ze lauschteren zu dësem Sujet: Mäi Fräie Mikro um Radio 100,7.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s