D’Petitioun fir 30 Deeg Congé huet villes net verstanen

D’Petitioun N°762 huet innerhalb vu just zwee Deeg déi néideg 4 500 Ënnerschrëften areecht. Dës Petitioun fuerdert dass “am Privatsecteur, genau wéi beim Staat, mussen 30 Deeg Congé pro Joer bezuelt ginn”. Et ass weder eng gutt Kritik un der fonction publique nach um Aarbechtsrecht.

Kollektivvertrag, net Gesetz

Et geet bei dëser Petitioun bei de Fakte scho schlecht un:

Intitulé de la pétition: Congé payé légal d’au moins 30 jours pour tout le secteur privé
But de la pétition: Le but de ma pétition, c’est d’améliorer la qualité de vie pour tout le monde et équilibrer la différence entre les secteurs public et privé.
Motivation de l’intérêt général de la pétition: Equilibrer les congés payés du secteur privé avec ceux du secteur public pour tous les travailleurs, vue que les travailleurs du secteur privé payent leurs impôts comme ceux dans le secteur public le font.

Den Ënnerscheed zwëschen de Stonnen beim Staat an deem am Privé befënnt sech net op der Basis vum Gesetz. Am Gesetz sti fir all Salarié 25 Deeg als Minimum festgeschriwwen, mee ganz oft hu Secteur’en Kollektivverträg déi doriwwer eraus ginn. Beim Staat gëllt dat selwecht Gesetz, just dass d’Gewerkschaft och hei ee Kollektivvertrag ausgehandelt huet, deem säin Artikel 31 insgesamt 32 Congésdeeg virgesäit (34 Deeg ab 50 Joer, 36 Deeg ab 55 Joer). Wann dir also am Privatsecteur wäit ewech vun deene Stonne sidd, dann ass et well mat äre Gewerkschaft keng vergläichbar Erhéijung ausgehandelt gouf.

Är Demande ass kee Katalysator fir eng Reform

Eng Erhéijung vum Mindeststandard mécht Verhandlunge fir méi Congésdeeg op laang Siicht net méi einfach, au contraire. Déi 6. Congéswoch ass éischter nach ee Grond fir ee Patron bei neien Demanden (zu Recht) dorop ze bestoen dass hien eréischt fir kuerzem mat neie Mesure belaascht gouf. Negociatioune vun deene Leit déi besonnesch vill Aarbecht an enger Entreprise leeschte, kënne just da positiv verlafe wann de Mindeststandard méiglecht geréng ass.

D’Idee dass dës Petitioun net nëmme probéiert déi 6. Congéswoch gesetzlech festzehalen, mee och dass se dat mécht an deem se ee Verglach mam secteur public hierstellt, ass e bësse konfus. D’Argument dass beim Staat grondsätzlech Reforme musse gemaach ginn halen ech fir gutt, mee deem entgéint ze wierken andeems een de Privatsecteur nozéien deet ass keng Léisung.

Lëtzebuerg ass net attraktiv fir Entreprise wéinst senge Congésdeeg

Et gëtt oft am Witz gesot dass d’Entreprisen net zu Lëtzebuerg si well hei d’Wieder sou gutt ass, mee well mir aarbechtstechnesch a fiskal Virdeeler mat eis bréngen déi eis attraktiv maachen. Kompetitivitéit geet iwwer d’Konditiounen déi Entreprise gesinn ier se an ee Land kommen.

De Lëtzebuerger géif gutt doru leien sech an där Fro vun eise Schwäizer Frënn beroden ze loossen. An engem Referendum am Joer 2012 hunn si mat iwwer 65% géint eng Initiativ gestëmmt déi déi 6. Congéswoch agefouert hätt.

“Die Stimmbürger hätten erkannt, dass «etwas, das anfangs angenehm tönt, bei näherem Nachdenken doch verschiedene Nachteile bringt», sagte SAV-Präsident Thomas Daum. Der Wirtschaftsdachverband Economiesuisse sowie die Regierung hatten zur Ablehnung der «Ferieninitiative» aufgerufen. Sie warnten, dass eine Verlängerung des Mindesturlaubs Milliarden kosten und zur Verlagerung von Arbeitsplätzen in Euro-Länder wie Deutschland führen würde, wo die Lohnkosten deutlich niedriger seien.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a reply to De Réckbléck vun der Woch [13/2017] | Bill Wirtz Cancel reply