Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 4. Dezember iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Wéi kënnen déi nächst Europawale méi schmackhaft gi fir d’Wieler? Mat där Fro beschäftegt sech d’Europäescht Parlament.
An enger rezenter Resolutioun denkt si iwwer Reformen no, wéi d’Walrecht ab 16, Länneriwwergräifend Kandidaturen, a paritéitesch Lëschten.
An der Resolutioun vum Europaparlament gouf als éischt begréisst dass méi Leit bei den Europawalen d’lescht Joer matgemaach hu wéi virdrun, an dass d’Parlament och méi paritéitesch ginn ass. 41% vun den Europaparlamentarier si Fraen, am Verglach zu 37% an der leschter Legislatur.
D’Europaparlament schwätzt och vun de Necessitéit fir d’Kreatioun vun enger EU-Agence fir d’Walen (European Election Authority), an ee Verbuet vun auslänneschem Finanzement vu politesche Parteien.
Och de System vun de Spëtzekandidate steet nees an der Diskussioun, nodeems en d’lescht Joer ganz kloer net funktionéiert hat. No deem System hätt de neie Kommissiounspresident de Manfred Weber misste ginn, an awer war et herno esou dass d’EU Staats- a Regierungscheffen d’Ursula Von der Leyen ausgewielt haten.
Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel seet dass et net drëms goe soll wat d’Europaparlament wéilt, mee dass bei der Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa, déi elo zwee Joer dauere wäert, a wou Wieler an alle Länner kënnen deelhuelen, dat soll entscheeden. Hie wier op perséinlecher Basis fir transnational Lëschten, mee et sollt awer éischter dorëms goe wat d’Biergerinnen an d’Bierger wëllen.
Transnational Lëschte sinn eng Propositioun déi virun de leschten Europawalen ugaangen ass, an déi staark vum franséische Präsident Emmanuel Macron ënnerstëtzt gouf. D’Europaparlament war allerdéngs majoritär géint déi Propose am Joer 2018. An der Praxis géifen transnational Lëschten heeschen dass een do Kandidate wiele kann déi an alle 27 Memberstaaten op de Wielerlëschte stinn, wat awer net heescht dass een als Lëtzebuerger net méi fir déi 6 Europadeputéiert wiele kéint. Dat hei wier eng Additioun.
Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens seet dass transnational Lëschten den Interêt un den Europawalen eropsetze kéinten, an dass et zu enger méi demokratescher Prozedur komme kéint.
Eng breet ëffentlech Consultatioun soll also decidéieren, wéi d’Wale vun 2024 wäerten ausgesinn.