[Reportage] Finanztransaktiounssteier: Christophe Hansen kritiséiert DP, LSAP, déi Gréng

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 29. September iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

An der leschter Plénière vum Europaparlament hu sech verschidde Lëtzebuerger Europadeputéiert fir eng Finanztransaktiounssteier ausgeschwat. Den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen seet dass esou eng Steier dem Standuert Lëtzebuerg géing schueden.

Grondsätzlech huet d’Europaparlament bei Steierfroe keng Handhab, well just d’Staats- a Regierungschefen eestëmmeg op dem Sujet décidéieren dierfen. An awer gi reegeleméisseg Resolutiounen am Europaparlament gestëmmt déi sech fir verschidde Steieren auschwätzen, an déi Drock op den Europäesche Conseil sollen maachen.

An der leschter Plénière hat een Amendement eng Finanztransaktiounssteier gefuedert déi am Joer 2024 ulaafe soll. De Charles Goerens vun der DP, de Marc Angel vun der LSAP, an déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz hate mat Jo gestëmmt. D’Monic Semedo vun der DP, an d’Isabel Wiseler an de Christophe Hansen vun der CSV hate sech enthalen.

De Christophe Hansen seet et bréicht ee firtéischt een internationale Kompromëss um Niveau vun der OECD, amplaz een Alleingang op dem Niveau vun der EU ze maachen.

Hie kritiséiert d’Tilly Metz, de Marc Angel, an de Charles Goerens: Wien fir esou een Alleingang vun der EU géing stëmmen géing, dann hätt een a sengen Aan “keng Ahnung wéi déi international Finanzmarché’en funktionéieren”. London géing profitéieren mat esou enger Steier, während Lëtzebuerg a aner europäesch Finanzplaze géinge leiden.

D’Tilly Metz vun deene Gréngen seet dass bis 2024 géing um internationale Niveau een Accord fonnt ginn. Donieft géing et jo egal wéi de Membersstaaten ze gutt kommen. Hei géinge klengen a Mëttelstännergen Entreprise duerch de nächsten EU-Budget gehollef ginn.

De Marc Angel vun der LSAP léisst d’Kritik vum Christophe Hansen net gëllen. Hie géing net zu deenen “Konservative” gehéieren déi wéilten dass alles bleift wéi et ass. Donieft géing Lëtzebuerg sech kënnen un Ännerungen upassen. Jiddereen géing Steiere bezuele missen, dofir wier et just gerecht dass op Finanztransaktiounen och Steiere bezuelt géinge ginn.

D’Monica Semedo vun der DP hat sech anescht wéi de Charles Goerens beim genanntenen Amendement enthalen. Si wier fir eege Ressourcen wéi zum Beispill eng Plastiksteier, mee kéint allerdéngs keng Propose ënnerstëtzen déi dem Standuert Lëtzebuerg géing schueden.

De Charles Goerens selwer wollt iwwregens kee Commentaire zu den Aussoe vum Christophe Hansen maachen.

D’Finanztransaktiounssteier steet d’nächst Joer um Ordre du jour vun den EU-Staats- a Regierungschefen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s