Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 16. September iwwerdroe ginn.
Haut de Moien huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ried zur Lag vun der Unioun am Europaparlament zu Bréissel gehalen. Am Fokus stoungen d’Reaktioun op d’Kris vum COVID-19, d’Digitaliséierung, den Etat de Droit, an d’europäesch Aussepolitik.
D’Ursula von der Leyen ass wéi gewinnt confiant opgetrueden. D’Effekter vum COVID-19 géinge mam EU-Hëllefspak “Next Generation EU” bekämpft ginn, an et wier déi éischter kéier dass Europa esou schnell an effikass géing zesumme komme fir ee Problem ze bewältegen, sot si an hirer Ried. Si huet hir Ried genotzt fir méi EU-Integratioun bei Froe vun der Gesondheetspolitik ze fuerderen.
Um Sujet Digitaliséierung da wier Europa ze oft ze lues ënnerwee. Prinzipper a Rechter missten a Stee gemeesselt ginn, dorënner d’Recht op Privatsphär, fräien Zougang zum Internet a Plattformen, fräi Meenungsäusserung, fräien Datefloss, a Cybersécherheet. Fir d’Bürokratie ofzebauen a méi digital ze ginn versprécht d’Ursula von der Leyen och nei EU-Outil’en. Hei solle Plattformen opgebaut ginn wou EU-Bierger eng digital Identitéit kréien duerch déi si an der ganzer EU alles maache kënnen, vum Steiere bezuelen bis zu engem Vélo léinen.
Beim Sujet Aussepolitik huet d’Kommissiounspresidentin d’Ineffikassitéit vum Europäesche Conseil kritiséiert. D’EU Staats- a Regierungscheffen kéime seelen op ee gréngen Zweig well si nach ëmmer a l’Unanimitéit géinge stëmmen. Et ass eng Uspillung dorop dass Decisiounen an der causa Belarus, Tierkei, Libanon, oder och Russland ze lues sinn.
D’Ursula von der Leyen huet och drop higewisen dass si keng Ausnamen beim Etat de Droit an der EU akzeptéiert, an dass d’Diskriminéierung vu Minoritéiten inakzeptabel wier.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!