Dëse Feature gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 1. September iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
D’Tierkei ass fir Touristen op während dem Coronavirus, a wien zréck op Lëtzebuerg reest muss och keng Quarantän maachen. Nieft de Plagen gëtt et do och impressionant Natur ze entdecken.
Pamukkale läit 10 Autosminutten vun der Stad Denizli, an dräi Stonnen vun der Küstestad Izmir, an ass eng Uertschaft déi bekannt ass fir hier natierlech Kallekformatiounen. “Pamukkale” ass Tierkesch fir “Kotteng-Schlass”, well natierlech waarm Thermalquellen wäiss Travertinen kréiert huet. Vu wäitem gesäit et aus wéi wann d’Visiteuren op enger Wollek ronderemkloteren.
17 verschidden Thermalquellen kommen aus dem Bierg vu Pamukkale eraus, mat enger Temperatur zwëschen 35 an 100° Celsius. D’Waasser transportéiert Kalcium-Karbonat un d’Uewerfläch, wou den CO2 sech ofsetzt an een douce Gel op d’Steng leet. Doduerch kréien d’Sténg eng wäiss Uewerfläch, op där een och goe kann.

Dat waarmt Waasser sammelt sech a natierlech geformte Bieder, déi ee kucke goe kann, an a verschiddenen och Buerféiss trëppelen dierf.
200 Joer viru Christus gouf déi aalgrieschech Stad Hierapolis bei dësen Thermalquelle gebaut, a war schon deemols immens populär Destinatioun als Spa. Et gouf verzielt dass dat natierlecht Waasser eng heelend Wierkung op der Kierper huet. Dës uraal Schwämm gëtt och haut nach: Op engem Panneau nieft dem Waasser kritt ee versprach dass dës Quellen bei Häerz- a Kreeslafproblemer, Hautkrankheeten, Rheuma, oder Mokrankheeten hëllefe sollen.


Wien d’Schwemm mat enger archäologescher Visite wëll verbannen deen ass hei genee richteg. D’Ruinen vun der Stad Hierapolis, déi am 14. Joerhonnert verlooss gouf, sinn immens interessant, a besonnesch den aalen Theater, deen am Joer 60 no Christus gebaut gouf.
Den Entréesticket sinn 80 Tierkesch Lira, also ongeféier 9 Euro, an déi antik Schwemm nach eng kéier 100 Tierkesch Lira, also eppes iwwer 10 Euro. Fir 12 Tierkesch Lira, also eppes iwwer ee Euro, kann ee sech och nach déi aal Artefakten vun der Stad Hierapolis am Musée ukucken.
Pamukkale ass ee Weekendtrip an der Tierkei deen als Elengreesenden, Koppel oder Famill eng Visite absolut wäert ass.