[Reportage] Hong Kong: Nei Reegele léisen Demonstratiounsfräiheet praktesch op, sou de Charles Goerens

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 4. Juli iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

D’Moyene vun der EU fir Hongkong ze hëllefen, wiere limitéiert, sou den DP-Politiker. De politeschen Dialog mat China wier allerdéngs permanent.

Zu Hongkong kritiséiere Demokratie-Aktivisten dat neit chinesescht Sécherheetsgesetz, wat dem kommunistesche Regime immens vill Afloss gëtt, fir Biergerrechter zu Hongkong ze beschränken. D’Gesetz, wat en Dënschde kuerz viru Mëtternuecht a Kraaft getrueden ass, ass deen neiste Moment an den Onrouen an der Stad déi fir hir Finanzplaz bekannt ass.

De chinesesche Regime seet, dass et just drëms geet fir Uerdnung ze schafen no de Protester déi déi lescht Méint gelaf sinn. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens gesäit dat anescht. Déi nei Reegele géifen d’Demonstratiounsfräiheet praktesch opléisen.

D’Moyene vun der EU fir Hongkong ze hëllefen, wiere limitéiert, sou den DP-Politiker. De politeschen Dialog mat China wier allerdéngs permanent. Wichteg wier et dofir dass d’EU-Memberstaaten eng gemeinsam Positioun géigeniwwer vu China behalen.

Op d’Fro hin, ob d’Handelsrelatioune mat China ënner EU-Deklaratioune géinge leiden, wier d’Äntwert « Jein ». Et wier net am Interêt vu béide Säiten, fir manner ze handelen, allerdéngs misst Europa kucke fir sech manner ofhängeg vu Produkter aus China ze maachen.

Ee grousse Flüchtlingsprogramm fir d’Awunner vun Hongkong kann de Charles Goerens sech iwwregens net virstellen. D’Asyl-Prozedur wier natierlech fir jiddereen op, allerdéngs kéint hie sech net virstellen, dass elo d’Diere grouss opgemaach géife fir jiddereen. Vereenzelter wiere wéinst hire Qualifikatiounen natierlech interessant fir Europa: Hei wier d’Arees an Europa also éischter op der Basis vun engem Aarbechtsvisa, wéi vun enger Asyl-Prozedur.

E Freiden hu pro-Demokratie Aktivisten aus Hongkong annoncéiert, dass si iwwert een Exil-Parlament nodenken, also ee Parlament, wat aus dem Ausland agéiert, fir net a Gefor ze geroden, vu China sabotéiert ze ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s