Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 26. Juni iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Am Europäesche Conseil ware sech d’Staats- a Regierungscheffe vun der EU d’lescht Woch net eens iwwert deen neie Budget.
Virun allem de “Recovery Fund” am Kader vun Neesopbau nom Coronavirus suergt fir Sträit tëscht de Memberstaaten.
Et si véier Länner an der EU, déi op verschiddenen Eckpunkte Problemer mat der Propos vun der Europäescher Kommissioun hunn. Schweden an Dänemark froe sech firwat si ee Rettungspak solle matdroen, wa si dach allebéid net am Euro wieren. Éisträich an Holland fannen, dass strikt Konditioune mat den Hëllefsgelder verbonne solle sinn, an dee gréissten Deel solle Sue sinn, déi zréckbezuelt ginn. Italien a Spuenien dogéint fannen d’EU sollt elo Solidaritéit weisen, a net ze vill Kontroll ausüben.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Marc Angel ass op enger Säit mat de Südstaaten. Et hätt een dach hoffentlech aus der leschter Kris geléiert, déi gewisen hätt, dass esou Konditiounen zu Austeritéitspolitik féieren, esou de Marc Angel.
Hie seet sech enttäuscht, dass d’lescht Woch keen Denominateur commun konnt fonnt ginn a seet, dass d’Zäit dréckt. Et misst een op alle Fall virun enger méiglecher zweeter Well vum Coronavirus am Hierscht Léisunge fannen.
Fir den LSAP-Politiker ginn et verschidde Prioritéiten, dorënner déi, dass ee Groussdeel vum “Recovery”-Fong solle Subsiden, a net Prête sinn. D’Finanzéierung vum Hëllefspak soll fir déi éischte kéier dann och iwwer “eege Ressourcen”, also EU-Steiere lafen. Déi sollten allerdéngs weder op d’EU-Memberstaaten, net op eenzel Steierzueler falen, mee op grouss Entreprisen, déi vum EU-Bannemaart am meeschte profitéieren.
Déi nächst Reunioun vum EU-Conseil ass fir de 17. Juli ugesot. Do wëllen d’Staats- a Regierungscheffen dann op ee gemeinsamen Nenner kommen.