[Reportage] Plénière vum Europaparlament : COVID-19, Rassismus an Amerika, Aarbechtsrecht

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 19. Juni iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

USO: D’Europaparlament hat dës Woch Plénière zu Bréissel, wou déi Lëtzebuerger Europadeputéiert un den Débat’en deel geholl hunn. De Bill Wirtz huet déi verschidde Momenter zesumme gestallt.

Vill vun den Diskussiounen a Voten waren iwwert de COVID-19 an d’Repercussiounen vum Virus op d’Ekonomie. Bei der Relance, an den Gelder déi an deem Kontext ausgi ginn, wëlle vill Parlamentarier Conditioune setzen. Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz seet dass den Tourismus-Sekteur Obligatiounen erfëlle muss.

D’DP-Europadeputéiert Monica Semedo an d’Isabel Wiseler vun der CSV hunn alle béid um Débat iwwer d’Anti-Rassismus Protester an Amerika deelgeholl.

D’Isabeler Wiseler huet drop higewisen dass Policegewalt an Amerika ee groussen Effekt op d’Diskussiounen an der ganzer Welt huet.

Den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel sot gëschter an engem Débat iwwer Frontalier’en a säsonal Aarbechter dass d’Europäesch Unioun gutt Recommandatiounen erausginn huet, mee dass vu säit vun de Membersstaaten net gelauschtert gouf.

Haut de Moien huet den DP-Europadeputéierten Charles Goerens un engem Débat iwwer d’Deforestatioun am Amazonas deel geholl, déi zënter dem Januar d’lescht Joer nees eng grouss Diskussioun ass.

Déi nächst Plénière ass fir den 8. Juli virgesinn, wat dann och déi lescht Vollversammlung vum Europaparlament wäert sinn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s