Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 14. Mee iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Schold un dësem Manktem u Kommunikatioun sinn d’Reegele vum Europaparlament, déi een Zouschalte via Video net erlaben.
Am Europaparlament zu Bréissel fënnt weider déi parlamentaresch Aarbecht statt. An der Plenière, also d’Vollversammlung, wou all d’Parlamentarier normalerweis schwätzen, dierf ee sech net iwwer Videomessage zu Wuert mellen. Doriwwer sinn d’Deputéiert net frou.
Dass d’Parlamentarier sech zu Wuert mellen dierfen, wier Deel vum demokratesche Prozess an essentiell fir d’Meenungsfannung, sou nach d’DP-Politikerin. Et geet dobäi och drëm, dass d’Bierger verstinn, wéi eng Meenungen hir gewielte Vertrieder hunn.
Déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz fënnt, dass et wichteg bleift, dass zu Bréissel just de Minimum u physescher Presenz stattfënnt. Besonnesch a Krisenzäite wier et awer wichteg, fir dass de President vum Europaparlament David Sassoli elo déi néideg Ännerunge mécht, fir Video-Messagen zouzeloossen. A Groussbritannien stellen d’Deputéiert vum House of Commons der Regierung all Woch Froe live iwwer Video.
Am Europaparlament selwer gëtt och an de Comitéë schonn iwwer Video geschafft, mä an der Plenière net. Et schéngt un enger Reegelformalitéit ze hänken.