Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 7. Abrëll iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Am Ufank vun der Corona-Kris sinn an Europa eidel Passagéierfligere geflunn. Dat läit un enger Reegelung vun de Fluchhäfen, déi elo an der Kritik steet.
Keng Passagéier, keng Bagagen: An deenen éischte Woche sinn déi sougenannte “Geeschterfligeren” iwwer Europa geflunn. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz erkläert, dass d’Reegelunge vun de sougenannte “Slots” doru Schold waren. Fluchgesellschafte mussen 80% vun hire Fluchlinne benotzen, soss verléieren se hiert Recht drop a kënne vun der Konkurrenz ersat ginn. Dofir hu vill Entreprisen eidel Fligeren dorëmmer geschéckt, fir hier Rechter net ze verléieren.
D’Slot-Reegelung ass momentan temporär ausser Kraaft gesat ginn, fir dass net onnéideg musse Fligeren fléien. Op laang Dauer misst een eng Reform vun dësem System maachen, sou déi Gréng Europadeputéiert. Eng Reform war vun der Europäescher Kommissioun ugeduecht ginn, mä war un der Resistenz vun de Memberstaate gescheitert.
D’Tilly Metz freet och no Klima-kompatibelen Alternativen: Et bréicht ee manner Slots, doduerch manner Fligeren.
Elo, wou Fluggesellschaften duerch de Coronavirus a Reesrestriktiounen a finanziell Schwieregkeete kënne kommen an d’Staaten vun den Entreprisen ëm Hëllef gebuede ginn, misst ee Konditioune setzen. Et kéint net sinn, dass Entreprisen déi net Klima-kompatibel agéieren, elo géinge just Sue kréien. Wann se gerett oder deels verstaatlecht ginn, da missten d’Klimaziler och verankert ginn.
Déi Gréng géifen an der aktueller Kris Mesure fuerderen, déi schaffend Leit ënnerstëtzen, Aarbechtsplaze behalen, mä déi och zu der sozial-ökologescher Transitioun géinge bäidroen.