[Reportage] Christophe Hansen: Mir brauchen eng Verlängerung vum Brexit-Delai

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert an ass de 27. Mäerz iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Duerch de Coronavirus, un deem elo och de brittesche Premier positiv getest gouf, kommen aner politesch Prozesser an den Hannergrond, dorënner de Brexit.

D’Transitiounsphas huet allerdéngs een Oflafdatum, deen ëmmer méi no kënnt.

Zënter dësem Joer ass Groussbritannien net méi an der EU, op d’mannst an der Theorie. De brittesche Premierminister sëtzt net am Europäesche Conseil, par contre applizéiert sech d’EU-Recht nach virun, a Westminster muss och an den EU-Budget abezuelen. Dat soll Enn des Joers dann eriwwer sinn, bis dann mussen d’EU a Groussbritannien een neien Handelsaccord fonnt hunn.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass de Rapporteur vun deem Accord am Europaparlament. Hie seet, dass elo eng Extensioun gebraucht gëtt. Et bréicht een elo déi néideg Loft fir ze ootmen. Fir den CSV-Politiker heescht dat eng Verlängerung vun engem Joer. Dat wier vun Ufank u néideg gewiescht.

Vu brittescher Säit ass bis elo nach näischt an déi Richtung gesot ginn. De Boris Johnson hat et zu sengem Slogan an der Walcampagne gemaach, fir de Brexit esou schnell wéi méiglech iwwert d’Bün ze kréien.

De Betriber wier doduerch nach ëmmer net méi Viraussiicht gebueden, sou de Christophe Hansen. Een No-Deal bleift och weider eng Méiglechkeet.

Bis op Weideres muss sech d’EU-Legislatioun och weider a Groussbritannien applizéieren an et muss och weiderhin an den EU-Budget abezuelt ginn. Vill Handelsassociatiounen, dorënner déi vun der Logistik, hunn op alle Fall dozou opgeruff, den Delai vum Brexit ze verlängeren.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s