Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 5. Mäerz iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Duerch de Coronavirus muss Italien seng ekonomesch Performance no ënne korrigéieren.
Och aner Europäesch Länner wäerte mat wirtschaftleche Konsequenze fäerte mussen. Virun enger Woch hat den italienesche Wirtschaftsminister Roberto Gualtieri annoncéiert, dass Roum 3,6 Milliarden Euro léine geet, fir Entreprisen ze hëllefen, déi vum Virus betraff sinn. Doduerch geet den Defizit vun Italien ëm 0,2 Prozent a d’Luucht: Ee Sujet, bei deem Italien mengt, dass d’EU sollt eng Aussnam maache bei de Budgetsreegelen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens ass och där Meenung. Et hätt een et hei mat enger extraordinärer Situatioun ze dinn.
Den DP-Politiker seet och, dass Europa sech muss op méi schwéier wirtschaftlech Zäite gefaasst maachen, well esouguer, wann eis Äntwert besser gewiescht wier, mir an enger vernetzter Welt awer mat de wirtschaftleche Konsequenze vum Virus betraff gi wieren.
An den éischten Negociatiounen fir den EU-Budget fir d’Joren 2021 bis 2027 ware sech d’Memberstaaten net eens ginn. Dat wäert duerch de Coronavirus net méi einfach ginn, sou nach de Charles Goerens. Déi Länner, déi skeptesch waren, fir méi bei den EU-Budget bäizesteieren, hätt et och scho virum Virus ginn.
Dass et an Zukunft eng zentralistesch Léisung fir Virusse vun dëser Zort misst ginn, mengt de Charles Goerens iwwregens net. Eenzel Länner géifen hir Gegebenheeten am beschte kennen.