[Reportage] Isabel Wiseler: Am Iran op Deseskalatioun setzen

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn a gouf de 29. Januar iwwerdroe ginn.

No dem rezente Konflikt zwëschent Amerika an dem Iran huet d’Europäesch Unioun op Deseskalatioun gesat. Bréissel muss elo nei Weeër fannen fir mat der islamëscher Republik ze verhandelen.

D’Administratioun vum US-Präsident Donald Trump huet kloer eng nei Strategie wat den Iran ugeet. Mat dem Réckzoch aus dem Accord iwwer d’Atomkraaft, an dem Assassinat um Generol Soleimani, gëtt et ee konstante Risk vun engem Krich zwëschen dem Iran an den USA.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler, Member vun der commission des affaires étrangères am Europaparlament, seet dass et am Prinzip keen Désaccord zwëschen Washington a Bréissel gëtt. Den Iran wier een onstabilen an aggressive Facteur. Par contre géif Europa am Verglach virun op Déseskalatioun setzen.

Ee Sujet deen d’Europäesch Unioun schwéier maneouvréiert ass dee vum Nuklear-Deal. Elo wou den Donald Trump den Deal verlooss huet, ass och Teheran net méi gewëllt sech un d’Conditioune ze haalen, och wann EU-Expert’en no gudde Wëllen am Iran geherrscht hätt. Dat wier elo anescht, seet d’CSV-Politikerin, well den Iran selwer seet dass si wéineg Intérêt hunn fir sech nach un den Accord ze halen.

No neien Evalutatioun wäert et un den EU-Membersstaate sinn fir ze décidéieren wéi d’EU ob den Iran reagéiere kann.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s