[Reportage] Marc Angel: Gläichheet beim Loun muss imposéiert ginn

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert an ass de 9. Januar iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

D’EU wëll bei der Gerechtegkeet tëscht Mann a Fra virukommen duerch nei Instrumenter. An deene leschte Jore waren d’Ecarte bei de Salairen net erofgaangen.

E Méindeg wëll d’Europäesch Kommissioun an der Plenière vum Europaparlament zu Stroossbuerg eng Deklaratioun maachen, warscheinlech dozou, wéi si den Ecart vun de Salairen tëschent de Geschlechter wëll erofgesat kréien. De Kommissär fir Aarbecht Nicolas Schmit huet jo schonn annoncéiert, dass d’EU Legislatioun op de Wee géing bréngen, déi d’Transparenz bei Salairë freet. Dat géing heeschen, dass Employéen am Privatsecteur kéinte vergläichen, ob si méi oder manner bezuelt gi wéi hier Aarbechtskolleegen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel seet, dass den Ecart beim Stonneloun an der EU bei 16% léich.

Grond wier, dass Frae méi dacks de Congé parental huele wéi d’Männer an och méi Fraen Deelzäitaarbecht maachen. D’EU géif elo schonn 20 Joer dru schaffen, fir d’Situatioun ze verbesseren. Den LSAP-Politiker seet och, dass een zu Lëtzebuerg scho méi wäit wier, wëll am Code de travail Strofe fir d’Entreprise virgesi wieren.

Duerch déi sougenannten “Pay Transparency”, also d’Transparenz vun de Gehälter, déi d’Europäesch Kommissioun proposéiert, kéinte Salariéë méi Gerechtegkeet afuerderen. Fir de Patron heescht dat, dass ee sech muss erklären wann et Ënnerscheeder ginn.

Vun nächstem Mount u wäert méi gewosst ginn iwwer den Agenda vun den zoustännegen Departementer vun der EU-Kommissioun, a wéini dësen Dossier viru geet.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s