[Reportage] Tschecheschem Premier gëtt Detournement vun EU-Gelder virgeworf

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 10. Januar iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Dem tschechesche Premier Andrej Babiš gëtt Detournement vun EU-Gelder virgeworf. Falls schëlleg, kéint dat och Konsequenze fir seng Partei bedeiten.

Am Joer 2017 huet dat tschechescht Parlament op Demande vun der Police d’Immunitéit vum deemolege Finanzminister Andrej Babiš suspendéiert. Him gëtt virgeworf, 2 Milliounen Euro un EU-Gelder illegal un eng vu sengen eegene Firmen detournéiert ze hunn. Zënter 2017 ass de Babiš Premier an dofir nees duerch Immunitéit geschützt. Säi Privatverméige gëtt vun der Finanzzeitung Forbes op 3,8 Milliarden Dollar geschat.

ANO, d’Partei vum Andrej Babiš, ass Member vun der liberaler Fraktioun am Europaparlament. Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens huet kloer Wierder fir déi aktuell Situatioun. Hie seet, dass, wann d’Accusatioune stëmmen, d’ANO-Partei aus der liberaler Fraktioun soll ausgeschloss ginn.

Dës Ausso vum Charles Goerens, deen als agesiessent Member vu senger Fraktioun zu Bréissel vill Gehéier fënnt, ass bedeitend. Een Ausschloss vun den tschechesche Liberale kéint dës Partei méi no un déi konservativ PiS-Partei aus Polen bréngen, wat Prag zu engem méi komplizéierte Partner an der EU géing maachen.

De Sujet vun der Korruptiounsaffär vum Andrej Babiš ass d’nächst Woch um Ordre du jour am Europaparlament zu Stroossbuerg.

D’Hoffnung vum Charles Goerens wier, dass an anere Parteie fir Uerdnung gesuergt gëtt. Dofir wier et just koherent, fir dat och an den eegene Reien z’erwaarden. Déi DP-Europadeputéiert Monica Semedo wollt um RTL-Mikro keng Ausso maachen. Si mengt, all d’Prozedure misste nach ofgewaart ginn.

D’Anti-Fraude-Agence vun der EU huet allerdéngs hiren Avis schonn am Joer 2017 ofginn. D’Agence hat deemools schonn Irregularitéiten an engem Rapport festgestallt.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s