Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 5. Dezember iwwerdroe ginn. De Beitrag kann een och hei fannen.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler ass d’Rapportrice fir een neie Mënscherechtsrapport vum Europaparlament.
De Rapport, deen e Mëttwoch an der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun zu Bréissel ugeholl gouf, zeechent ee besuergt Bild vun den Droits de l’Homme am leschte Joer. Autoritär Regimmer ginn et der méi a vill Mënsche sinn d’Affer vun Diskriminatioun. Ee Problem mat deem d’EU konfrontéiert ass, ass dass Europa gläichzäiteg versicht Mënschen an anere Länner ze hëllefen, mä gläichzäiteg och gutt kommerziell Relatioune mat deene Länner ze behalen. D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler, déi Rapportrice fir dëse Rapport ass, seet dass d’Handelspolitik Deel vu der Mënscherechtspolitik ass. Wien handelt, hätt ee Fouss an der Dier, fir iwwer Mënscherechter ze schwätzen. Et wier awer richteg, dass vun Handelspartner géinge Mindeststandarden erwaart ginn.
Och Migratioun gëtt am neie Rapport ugeschwat. D’Flüchtlingspolitik ass nach ëmmer ee kontroverse Sujet tëscht den EU-Memberstaaten, mä d’CSV-Politikerin wëll eng Saach kloer stellen, och fir zukünfteg Konflikter: Flüchtlinge mat dem Flüchtlingsstatut mussen ëmmer protegéiert ginn.
Allgemeng géing et hir Suerge maachen, dass ze vill Länner méi autoritär Tendenze géinge kréien.
De Rapport geet an der Woch virun de Chrëschtdeeg zu Stroossbuerg an d’Plenière, wou dann all Europadeputéiert ofstëmmen.