[Reportage] Goerens iwwer COP25

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 4. Dezember iwwerdroe ginn. De Beitrag kann een och hei fannen.

Interview mam Charles Goerens

Zënter e Méinden a bis nächste Freiden ass zu Madrid d’Weltklimakonferenz COP25. Hei sollen nei Iddie fir de Kampf géint de Klimawandel fonnt ginn.

Et si chargéiert zwou Wochen zu Madrid, wou probéiert gëtt ze erkennen wou d’Weltklima an deenen nächste Joren histeiert, a wéi d’Politik op dës Problematik kann eng Äntwert fannen. Am Joer 2015 war de Klimaaccord zu Paräis ugeholl ginn, an zu Kattowitz gouf d’lescht Joer ee Plang ausgeschafft fir den Accord ëmzesetzen.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens ënnersträicht dës Wichtegkeet: Vill Länner missten hier Hausaufgabe maachen.

Dorënner wieren net nëmme Länner an Europa. Nom Brexit wäert d’Europäesch Unioun just ee Brochdeel vun den CO2-Emissioune vun der Welt sinn, wärend Indien a China vill méi géingen ausmaachen.

Fir Lëtzebuerg wieren d’Zuele beim CO2-Ausstouss ëmmer schlecht, allerdéngs hätt dat mat enger schlechter Methodologie ze dinn, sou den DP-Politiker. Duerch den Tanktourismus géingen immens vill Liter Sprit verkaaft ginn, déi awer net am Grand-Duché verfuer géifen.

Et ginn allerdéngs och Alternativen, déi sech eis missten opzeechnen, sou de Charles Goerens. Senger Meenung no géing déi Lëtzebuerger Regierung op de richtege Wee goen andeems se op Photovoltaik setzt. Op der iberescher Hallefinsel géif Solarenergie elo schon fir immens bezuelbar a kompetitiv Präisser produzéiert ginn.

D’Erwaardungen un d’COP25 sinn dofir héich, besonnesch vun Europa, wat sech als Power-Broker tëscht deenen nach méi groussen Industriemuechte gesäit.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s