Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 25. Oktober iwwerdroe ginn.
D’Europaparlament war dës Woch zu Strosbuerg fir hir Plénière. Ofgestëmmt goufen iwwert anerem iwwer d’tierkesch Invasioun a Nordsyrien, d’LGBT-Rechter am Uganda, an iwwer d’Reaktioun op d’Faillite vun Thomas Cook.
Um éischten Dag vun der Plénière e Dënschden, huet d’Parlament sech fir eng Verlängerung vun de Noutfallreegelen bei der Fëscherei a fir den EU-Budget ausgeschwat. Dës Pläng leeë fest wéi Fëscher aus Groussbritannien an aus der EU an hiere respektive Nopergewässer dierfe fëschen, an och wat mam Budget fir d’Joer 2019 an 2020 geschitt wann d’Briten d’EU ouni Deal verloosen. De Vote war positiv, an dat quasi unanime.
Dat selwescht ass och fir den « European Globalisation Adjustment Fund” geschitt, dee Leit hëlleft Changementer an engem globaliséierten Aarbechtsmaart ze iwwerwannen. Hei sollen d’Sue geholl ginn fir deenen ënnert d’Ärm ze gräifen déi duerch de Brexit hir Aarbecht géinge verléieren.
An enger ganzer Rëtsch Amendementer fir den EU-Budget fir 2021-2027 e Mëttwoch, huet d’Europaparlement sech allgemeng fir méi héich Dépensen ausgeschwat. An enger Reaktioun huet den Europäesche Conseil verséchert dass d’Membersstaaten net géinge mat op dee Wee goen.
An enger Resolutioun ass d’Europaparlement och dogéint fir manner strikt géint verschidde Pestiziden firzegoen, deenen vun Ëmweltschützer virgeworf gëtt dass se de Beie schueden. D’Membersstaaten an d’Europäesch Kommissioun hate versicht manner streng géint verschidde Produit’en virzegoen, mee d’Parlament huet mat 533 Stëmmen dofir, 67 dogéint, an 100 Enthaltungen säi Veto ageluecht. Déi Lëtzebuerger Europadeputéierten ware geschlossen fir dëse Veto. De Charles Goerens war beim Vote net dobäi, verséchert awer iwwert en Assistent um Telefon dass hien de Veto och ënnerstëtze géing.
Um Donneschden huet d’Parlament och dräi aussepolitesch Resolutiounen ugeholl: Eng an där et d’Persecutioun vun der LGBT-Communautéit am Uganda veruertdeelt, eng an där et nei Gesetzer kritiséiert déi d’Applicatioun vum fundamentalistesche Scharia-Gesetzer an Indonesie méiglech mecht, an eng an där et d’Police-Attaquen op friddlech Demonstranten an Egypten condamnéiert.
Schlussendlech hunn d’Europadéputéieren sech och fir méi Transparenz fir Enterprisen auschgeschwat, déi missten deklaréieren a wéienge Membersstaate se wéivill Steiere bezuelen. D’Parlement huet och gesot et misst een d’finanziell Situatioun vun Airlinen besser iwwerwaachen fir d’Situatioun wéi déi vun Thomas Cook ze vermeiden. Dobäi kënnt och dass d’Parlament erkläert huet dass et strikt Sanktiounen géint d’Tierkei misst ginn; a gemengt et misst ee méi maachen fir dass Mazedonien an Albanien iergendwann kënnen der Europäescher Unioun bäitrieden.