[Feature] Wéi gouf an de Visegrád-Länner ofgestëmmt?

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn an ass den 28. Mee iwwerdroë ginn. De ganze Beitrag kann een hei lauschteren.

De Visegrád Grupp besteet aus 4 Länner: Ungarn, Polen, Tschechien, an d’Slowakei. Si sinn déi direkt Nopere vun Däitschland an Éisträich, a waren Deel vun der Osterweiderung vun der EU am Joer 2004. Zu Bréissel si si dacks d’Problemkanner vun der Europäescher Kommissioun, an dat war och bei den Europawalen net anescht.

An Ungarn huet d’Fidesz Partei vum Premierminister Viktor Orban déi meeschte Stëmme geholl. D’Europäesch Unioun ass ee grousse Sujet fir d’Regierung zu Budapest, déi sech zënter der Flüchtlingskris reegelméisseg mat der Kommissioun Juncker reift. Wann de Viktor Orban sech dozou decidéiert net méi an der Europäescher Vollekspartei ze bleiwen, da kéint d’Positioun vun der EVP als déi stäerkste Partei un d’wackele kommen.

Polen fillt sech d’Regierungspartei PiS ënnert dem Parteichef Jarosław Kaczyński vum Resultat confirméiert. Obwuel Warschau mat der Kommissioun op Konfrontatiounskurs ass, stäerken d’polnesch Wieler d’Regierungspartei mat weidere 4 Sëtz. D’Partei vum fréiere Premierminister a momentane EU-Conseilspresident Donald Tusk muss 5 Sëtz abéissen.

An Tschechien kënnen d’Zentristen ënner dem Premierminister Andrej Babiš och bäileeën, obwuel de Regierungschef weiderhi mat Korruptiounsvirwërf confrontéiert ass. Dem Babiš gëtt virgeworf EU-Gelder an Héicht vun zwou Millioun Euro fir seng eegen Interessen mëssbraucht ze hunn.

An der Slowakei goufen am meeschte Parteie gestäerkt déi d’EU ënnerstëtzen, an d’Regierungsparteie goufen ofgestrooft. Allerdéngs weist sech och de Rietsextremismus am Land: déi neo-faschistech Partei Kotleba kritt zwee Sëtz am Europaparlament zu Bréissel.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s