[Feature] EU-Serie: Wat sinn déi eenzel Fraktiounen am Europaparlament ?

Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 2. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.

Am Moment ginn et 8 Fraktiounen am Europäesche Parlament. Fir eng Fraktioun ze grënnen brauch een 25 Europadeputéiert aus op d’mannst 7 verschiddene Memberstaaten. Fraktiounen kréi méi Finanzement vum Staat, méi Riedezäit, an hu méi Pouvoir an de parlamentaresche Kommissiounen.

Déi momentan 8 Gruppe sinn d’Europäesch Vollekspartei EVP – an där d’CSV ass – , déi Sozialdemokratesch S&D – an där d’LSAP dran ass -, déi Europäesch Konservativ a Reformisten, d’Allianz vun de Liberalen an Demokraten ALDE – an där d’DP dran ass-, déi Lénk Fraktioun GUE/NGL, déi Gréng Fraktioun Greens/EFA – an där déi Lëtzebuerger Gréng mat dra sinn, déi euroskeptesch Fraktioun EFDD, an déi nationalistesch Fraktioun ENF. Déi Lëtzebuerger ADR wier, wann se ee Sëtz hätt, am Grupp vun de Konservativen a Reformisten. Fir déi Lëtzebuerger Lénk wier een déi europäesch Lénksfraktioun. Am Europaparlament ginn et am Moment 18 Deputéierten déi net Member vun enger Fraktioun sinn.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s