Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 16. Januar ausgestraalt ginn.
No der Défaite vun dem Theresa May hierem Brexit-Accord am britesche Parlament gëschter Owend ass d’Politik an d’Land esou diviséiert wéi nach ni. Och vun der Säit vun der EU mussen elo aner politesch Décisioune faalen.
202 Stëmmen dofir, 432 Stëmmen dogéint. Dem Theresa May hieren Deal gouf vum britesche Parlament ofgeseet. De Richard Mason, englesche Partner bei NOUS – dem Netzwerk für Ordnungsökonomik und Sozialphilosophie, schwätzt vun enger historescher Défaite, villäicht esouguer vun där schwéierster säit 1924.
Ier d’Regierung zu Westminster elo décidéiere kann wat se soll anescht maachen, gëtt si awer nach mat enger neier Hürd belaascht. Déi sozialistesch Oppositioun vum Jeremy Corbyn huet ee Mësstrauensvote organiséiert, deen d’Theresa May stierze kéint. Dee Mësstrauensvote ass den Owend um 20h00.
D’Défaite vu geschter heescht an éischter Linn net nëmmen dass d’Parlamentarier géint d’Propose vun der Regierung sinn, mee och dass et elo à défaut zu guer kengem Deal kënnt, ausser et gëtt innerhalb vun deene nächste 10 Wochen eng aner Léisung fonnt. D’Méiglechkeete si multiple : Eng Extensioun vun der Iwwergangsperiod, ee zweete Referendum, dem Europäesche Wirtschaftsraum EEA bäitrieden, oder op ee rengen Handelsaccord pokeren.
Zu Bréissel stellt sech d’Fro wéivill ee Groussbritannien kann entgéint kommen. Et schéngt op alle Fall dass eng Extensioun vun der Iwwergangsperiod net méi laang kéint akzeptéiert ginn wéi bis zu den Europawahlen am Mee. Den EU-Brexit-Negotiateur Michel Barnier sot haut am Europaparlament zu Strosbuerg dass de Risk vum « No Deal » nach ni esou grous war.
Falls d’Theresa May de Vote vun haut den Owend iwwersteet, da muss si schon d’nächst Woch dem britesche Parlament ee neie Virschlag maachen.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!