[REPORTAGE] “InvestEU” soll Juncker-Plang ersetzen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 11. Januar ausgestraalt ginn.

D’nächst Woch stëmmt d’Europaparlament zu Strosbuerg iwwert den “InvestEU” Programm of, ier en dann vum Europäesche Conseil analyséiert gëtt.

Wat mam Juncker-Plang ugefaang huet, soll mam InvestEU viru goen. Mat 38 Milliarden Euro Investissementsfongen wëll d’Europäesch Unioun ee Gesamtkapital vun 650 Milliarden Euro fräisetzen. Dofir sollen aal Instrumenter wéi de COSME-Fong, den EFSI, oder och den InnovFin duerch een eenzelt Instrument ersat ginn.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz ass Member vum Comité fir Industrie a Recherche vum Europäesche Parlament, a Shadow-Rapportrice vun der Grénger Fraktioun fir dëse Projet. Si seet si hätt bei der Ofstëmmung am Comité Erfolleg gehat, a Kompromësser ausgeschaft. Et hätt een eng Rei Negotiatiounen missen agoen fir ambitiéis Ziler ze erreechen. Déi Gréng hunn d’Ambitioun iwwert dësen Investmentprogramm Klimapolitik unzekuerbelen, a weise sech zefridden mat deem wat bis elo gestëmmt gouf. Allerdéngs hofft een elo dass an der Plénière hier Proposen net vun deenen anere Fraktiounen auserneegeholl ginn.

D’Tilly Metz seet dass déi Gréng och a Saachen Sozialpolitik a Gender-balance eng reell Chance am InvestEU gesinn, well si Investissementer ëmmer u Critère koppele wëllen. Et wier allerdéngs effektiv méiglech dass d’Fraktiounen vun de Chrëschtdemokraten, de Sozialdemokraten an de Liberalen am Intérêt vun hieren Hierkonftslänner och Ausgaben an d’Défense afuederen. Dee Moment missten déi Gréng sech décidéieren ob si de Projet nach ënnerstëtze kënnen.

D’Tilly Metz ka net verstoen wéisou bei engem Projet wéi dësem, bei deem jo iwwer 35 Milliarden Euro EU-Gelder an der Diskussioun stinn, esou wéineg medialen a gesellschaftlechen Interessi herrscht.

Interessi oder net, de Programm kéint ab der Plénièressëtzung vun der nächster Woch nees ganz anescht ausgesinn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s