Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 11. Januar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
Zënter dem éischte Januar huet Rumänien d’Présidence vum Europäesche Conseil. Méi wéi een EU-Politiker huet sech kritesch iwwert dat osteuropäescht Land geäussert, deem seng Regierung wéinst Korruptioun ënner Kritik ass.
All 6 Méint iwwerhëllt een aneren EU-Membersstaat d’Présidence vum Europäesche Conseil. Zënter dem Akraafttrieden vum Vertrag vu Lissabon, an dem Aféieren vun engem permanente Präsident, am Moment de fréiere polnesche Premierminister Donald Tusk, huet dës Présidence allerdéngs hiere Stellewäert verluer.
Rumänien huet elo d’Présidence bis Juni, mee verléiert duerch d’Europawahlen déi am Mee stattfannen schon am Abrëll d’Europaparlament als legislative Partner. Dem osteuropäesche Land bleiwen also just 4 Méint fir déi lescht Akzenter virum Summer ze setzen. De Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker hat virun enger Woch gemengt dass hie seng Douten hätt dass Rumänien dem Challenge gewuess wier.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Frank Engel mengt awer net dass et zu enger Katastroph géing kommen. Den CSV-Politiker weist awer drop hinn dass et genee ewéi och bei der éisterräischecher Présidence, zu bürokratesche Schlampereien géing kommen. Bei Schlësselsujet’en, op deenen hien och géing matschaffen, géif et emol keen Uspriechpartner a Rumänien ginn.
Eng Présidence werft oft ee Scheinwerferliicht op dat gewëssent Land. Rumänien huet kontinuéierlech Demonstratiounen déi aus der Zivilgesellschaft kommen, an déi op grouss Problemer mat Korruptioun hiweisen. D’leschte Mount hat déi rumänesch Regierung nach ee Mësstrauensvote am Parlament iwwerlieft.
Elo ass et u Bucharest ze weisen dass ee sech vun den interne Problemer léise kann fir an deene nächste 4 Méint den Agenda virun ze bréngen.