[Tëscheruff] Mat enger Digitalsteier kréie mir digital Gilets jaunes

Dësen Tëscheruff gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 3. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)

USO: Innerhalb vun der Europäescher dréckt Frankräich weider op d’Aféierung vun enger Steier op groussen Entreprisen am Digitalberäich. Nach ass kee Kompromëss am Europäesche Conseil erreecht ginn, dee jo a Steierfroen unanime muss ofstëmmen. Dozou een Tëscheruff vum Bill Wirtz.

Viru genee engem Joer war déi Lëtzebuerger Regierung nach géint déi sougenannten Digitalsteier. De Pierre Gramegna sot et misst een um internationale Plang zesumme schaffen, a mat Amerika zesummen een Accord fannen. Zënterhir huet déi Lëtzebuerger Regierung sech ëm 180 Grad gedréint an ass elo op der Säit vun der franséischer Regierung. 

Frankräich mëscht jo besonnesch Drock op dësem Sujet, a proposéiert folgendes: Amplaz Entreprisen am Digitalberäich do ze besteieren, wou se sesshaft sinnn, sollen hir Servicer do besteiert gi wou se vermaart ginn. Dat trëfft besonnesch Länner wéi Lëtzebuerg.

Irland, Schweden, Dänemark a Finnland si weider géint eng Steier. Däitschland zéckt dës Weideren, well Berlin mengt dass den Donald Trump et als Attack op amerikanesch Entreprisen wéi Amazon oder Apple gesi kéint, an dofir neien Zoll op europäesch Autoen aféiere géing. Paräis ass dat egal: Fir de Gilets jaunes doheem ze weisen dass een déi béis Räich awer elo richteg besteiert, dréckt den Emmanuel Macron weider op dës Propose. A souwéisou, wat hu Steierparadäiser wéi Lëtzebuerg da schon ze soe, gelldier? Et mengt een et wier nees 2008.

Wann Amazon an Europa méi besteiert gëtt, da ginn et zwou Méiglechkeeten: Entweder d’Salarié’en kréie manner an der Paie, oder d’Clientèle bezillt méi fir hier Bestellungen. Leider sinn et vill ze oft d’Consommateuren déi d’Rechnung musse bezuelen, an déi sech dann, wéi am Beispill vun de Gilets jaunes, revoltéieren. Lëtzebuerg huet een duebelen Intérêt sech géint eng Digitalsteier ze stellen: Op enger Säit duerch eis avantgéis Steierpolitik, an op der anerer Säit well et eise Verbraucher net hëlleft fir ëmmer méi ze bezuelen.

Villäicht gesäit d’Regierung dat, wéi virun engem Joer, deemnächst och erem sou.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s