[REPORTAGE] Chancen sti schlecht fir de Brexit-Deal vum Theresa May

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 3. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)

D’nächst Woch en Dënschden stëmmt dat britescht Parlament iwwer de Brexit Deal of. Den Accord deen d’Premierministesch Theresa May mat der Europäescher Unioun fonnt huet steet ënnert harder Kritik vun alle Säiten, an huet keng gutt Chancen.

D’Lëscht vun deenen déi mat dem Theresa May hierem Brexit-Deal näischt ufänke kënnen ass laang: Déi konservativ an déi sozialistesch Euroskeptiker op bäide Säiten si majorität onzefridden, genausou wéi déi nordiresch Konservativ, déi soen dass d’Land duerch d’Zollofkommes géing gespléckt ginn, déi sozialistesch EU-Supporteuren, well se mengen dass Groussbritannien net méi Member vun deene wichtegen Instrumenter wieren, an déi Liberal an d’Schotten, déi mengen et bréicht een en zweete Referendum.

De Pieter Cleppe vum britesche Reform Think Tank Open Europe schätzt dass dem Theresa May um Schluss ongeféier 60 Stëmme feele wäerten. D’Positioun vun der EU hätt op alle Fall net gehollef, besonnesch net vis-à-vis vun deem faméise Veto deen elo am Accord mat dran ass. 

De Veto heescht usech dass Grousbritannien sech net unilateral aus dem Zollofkommes op der Grentz zwësche Nordirland an der Republik Irland zréckzéie kann, obwuel et jo een internationalen Traité ass, a keng Instanz Westminster dozou wierklech obligéiere kéint. De franséische Präsident Emmanuel Macron hat de Veto allerdéngs schon als Prétexte geholl fir a Saachen Fëscherei nei Concessiounen vun de Briten ze verlaangen. Dat, sou de Pieter Cleppe, géing net hëllefen. 

Am Fall vu No Deal wier et schwéier fir schnell een Handelsofkommes ze maachen, well déi Saachen Zäit bräichten.

D’Theresa May huet elo nach eng Woch fir d’Parlament op hir Säit ze bréngen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s