Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 28. September ausgestraalt ginn.
An der Europäescher Unioun gëtt driwwer diskutéiert fir d’Fongestruktur vun der Entwécklungs- a Kooperatiounspolitik ze änneren. D’Lëtzebuerger Europadeputéierten Frank Engel a Charles Goerens si Rapporteuren fir dësen Dossier.
Am Juni dëst Joer huet d’Europäesch Kommissioun eng Reform vun der Entwécklungs- a Kooperatiounspolitik proposéiert, déi eng ganz Rei Instrumenter ënnert een Dag bréngt. Dëst “Instrument fir Noperschaft, Devloppement an International Kooperatioun” soll fir de Budget 2021-2027 ee Budget vun 89,5 Milliarden Euro kréien.
Déi zesummegesat Instrumenter sinn:
- the Development Cooperation Instrument (DCI)
- the European Neighbourhood Instrument (ENI)
- the Partnership Instrument for Cooperation with Third Countries (PI)
- the European Instrument for Democracy and Human Rights (EIDHR)
- the Instrument contributing to Stability and Peace (IcSP)
- European Fund for Sustainable Development (EFSD)
- External Lending Mandate (ELM)
- Guarantee Fund for External Action
De Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker hat a senger Ried zur Lag vun der Unioun gesot dass eng Fräihandelszon mat Afrika gebraucht géing ginn. Dofir missten awer virtéischt déi lokal Strukturen opgebaut ginn, soen déi zwee Europadeputéierten, déi erkläeren dass firtéischt Infrastrukturen a Strukturen vum Rechtsstaat missten opgebaut ginn.
Et gëtt relativ knapp fir déi zwee Rapporteuren fir de Projet nach virun den Europawahlen am Mee ze finaliséieren. Wann ee sech net eenz géing ginn, da mist eng Décisioun no de Wahle getraff ginn.