Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 19. September ausgestraalt ginn.
No den Auto’en, ginn an der Europäescher Unioun d’Diskussiounen iwwer d’CO2-Niveau’en bei Camion’en un. D’Europäescht Parlament ass ambitiéis, d’Lëtzebuerger Regierung och.
De 17. Mee dëst Joer huet d’Europäesch Kommissioun ee Gesetzesvirschlag gemaach, deen d’CO2-Emissioune vu Camion’en géif erof setzen. D’Zil ass et bis 2025 d’Emissiounen em 15% ze verrengeren, an ëm 30% bis 2030. Holland, Irland, Litauen an och Lëtzebuerg ënnerstzëtzen eng Propose aus dem Europaparlament déi méi wäit geet: Hei wieren et 25% bis 2025 an 45% bis 2030.
Zu dësen Ambitionnéierten zielt sech och de Lëtzebuerger Europadeputéierten Georges Bach. Hie seet et wier wichteg d’Produzenten ze pousséieren fir méi ëmweltfrëndlech Camion’en ze bauen.
De Georges Bach ass awer och realistesch: Mir wieren nach wäit vun der Technologie ewech déi et méiglech géing maachen dass de konventionelle Camion méi ëmweltfrëndlech géing ginn. Deen eenzege Camion dee null Emissiounen ausstéisst ass bis elo just ee Prototyp vun der Marque Tesla.
Fir d’ACEA, d’Représentatioun vun de Automobil-Bauer, wieren 7% bis 2025 realistesch machbar. De Georges Bach seet, dat wier just dat wat d’Constructeure souwéisou bis 2025 géinge realiséieren.
Bis dësen Dossier an eng konkret Phase kënnt wäert awer nach ee Joer vergoen. Obwuel de Georges Bach fir ee ambitionnéiert Ziler kämpft, seet hien och dass d’Industrie am Moment nach net technologesch prett ass fir mat op dee Wee ze goen.